skip to main content skip to main menu

Activities

European Parliament - Ambassador SchoolThe “European Ambassadors Council’s” main focus lies on enabling our students to acquire a better perception of Europe as a whole and to help them become responsible citizens. Our school has been participating in this project for a certain time now, and together with our “junior ambassadors”, we regularly organise projects directly related to Europe around a variety of topics including highlighting culinary specialties of member states, conferences with European politicians or visits of European institutions, amongst many others. A lot of plans have already been made for the coming year. We are delighted by the commitment and interest displayed by our many “junior ambassadors”. Please do not hesitate to contact us, should you have any questions or suggestions in regard to this project. (Dan Ludwig)

Am Projet „écoles ambassadrices du Parlement européen“ geet et haaptsächlech dorems, den Schüler Europa mei no ze brengen an aus hinnen verantwortlech Bierger ze machen. Onse Lycée ass sait engem gudde Joer bei desem Projet aktif dobai. Zesummen mat onsen „junior ambassadors“ organiseieren mir regelmeisseg Aktiviteiten, dei an direkter Verbindung mat Europa stinn. Sou zum Beispill d´Servéieren vun kulinaresch Spezialitéiten aus de Memberstaaten, Konferenzen mat europäeschen Politiker, Visiten vun europäeschen Institutiounen an villes méi. Och fir dest Joer sin erem eng Rei Evénementer geplangt. Ganz frou si mer iwwer de ganz aktiven Engagement an den Interessi vun onsen zahlreichen „junior ambassadors“. Sollt dir weider Froen oder Ureegungen zu desem Projet hun, mellt Iech einfach bei ons. (Dan Ludwig)

 






Visitt vun der Europa Experience

06.05.2026

Am Kader vun eiser Europawoch haten d'Schüler haut d’Méiglechkeet, un enger Visitt am Europa Experience um Kierchbierg deelzehuelen.
Bei engem interaktive Role-Play Game konnten d’Participanten an d’Roll vun Europadeputéierte schlüpfen an esou de Prozess vun der Ausaarbechtung vun europäesche Gesetzer op eng lieweg an dynamesch Aart a Weis entdecken.
D’Schüler goufen a véier politesch Gruppen opgedeelt, fir legislativ Propositiounen ze analyséieren, driwwer ze diskutéieren an zesummen Entscheedungen ze treffen. Dobäi konnten si konkret erliewen, wéi Kompromësser entstinn an wéi d’Aarbecht am Europäesche Parlament fonctionnéiert.
Eng spannend an interaktiv Erfarung, déi e flotte prakteschen Abléck an d’europäesch Demokratie ginn huet.

Read more



EPAS Rallye

06.05.2026

Am Kader vun der Europawoch haten haut e puer Schüler vun der 3e d’Geleeënheet, um Rallye vum EPAS deelzehuelen. Bei verschiddenen Atelieren duerch d’Stad konnten si hiert Wëssen iwwer d’Europäesch Unioun an d’Memberstaaten ënner Beweis stellen. Dobäi hunn net nëmmen hier d’Wëssen, mee och d’Schnellegkeet eng wichteg Roll gespillt. D’Schüler ware mat vill Spaass an Engagement dobäi a konnten sech um Enn déi 3. Plaz sécheren.

Read more



Table ronde am Kader vun der Europawoch

04.05.2026

Haut war den Optakt fir eis Aktivitéiten am Kader vun der Europawoch. De Start gouf mat enger Table ronde gemaach, un där déi zwee Europadeputéiert, den Här Goerens an den Här Angel, deelgeholl hunn.
Eis Schüler aus den 2e Klassen haten d’Geleeënheet, an engem interessanten Austausch méi iwwer déi aktuell politesch Situatioun an Europa ze léieren. Dobäi goufen och d’Aufgaben an d’Roll vun den Europadeputéierten thematiséiert.
D’Diskussioun huet de Schüler erlaabt, Froen ze stellen an e méi déifen Abléck an d’europäesch Politik ze kréien. E flotten an interessanten Start an eng spannend Europawoch.

Read more



MEP Shadowing

19.03.2026

Vum 17. bis den 18. Mäerz hunn d’Schüler um Projet „MEP shadowing“ am Europäeschen Parlament zu Bréissel deelgeholl. Um éischten Dag hunn si eng guidéiert Visitt duerch d’Gebai gemaach an dobäi vill iwwert d’Funktioun an d’Aarbecht vun der Europäescher Unioun geléiert. Zousätzlech hunn si un enger Presentatioun iwwert Desinformatioun deelgeholl an dobäi verstanen, wéi wichteg et ass, Informatiounen kritesch ze iwwerpréiwen.

Den zweeten Dag haten d’Schüler d’Méiglechkeet, Deputéiert (MEPs) ze begleeden an esou en direkten Abléck an hire Beruffsalltag ze kréien. Dobäi hunn si gesinn, wéi eng Aufgaben an Verantwortung MEPen am Alldag hunn.

Dëse Projet huet de Schüler eng wäertvoll Erfarung ginn an hiert Versteesdemech fir d’Europäesch Unioun gestäerkt. E grousse Merci un den EPAS fir dës Méiglechkeet.

Read more



EPAS Meeting

24.11.2025

D’Junior Ambassadors hunn e puer flott an intensiv Deeg zu Lëtzebuerg verbruecht, organiséiert vum EPAS-Programm. Si hunn d’Europa Experience entdeckt, u Workshops deelgeholl an dobäi vill aner Schüler aus verschiddene Länner kennegeléiert. Op si hunn och, eng Visitt vum Schengen Museum, een City Rallye an eng Galerie mat EPAS-Projeten gewaart. Zum Schluss haten si eng Diskussioun mat zwee Europadéputéiert. Eng spannend a bereicherend Erfahrung mat vill Austausch an neie Bekanntschaften!

Read more



Europawoch am ECG

11.05.2025

Am Kader vum Europadag den 9. Mee huet an eiser Schoul eng Europawoch stattfonnt. Ugefaangen huet d'Woch e Méindeg mat engem Austausch tëschent eise Schüler a mam Europadeputéierten Charles Goerens, bei deem aktuell europäesch Themen diskutéiert goufen an d’Schüler hir Froen direkt stelle konnten. Mëttwochs huet eis Schoul aktiv um EPAS-Rallye deelgeholl, souwuel mat enger eegener Statioun wéi och als Grupp. Dëse Rallye war eng spilleresch Geleeënheet, fir d’Schüler mat den Aufgaben an Eegeschafte vun der Europäescher Unioun vertraut ze maachen.
D’Europawoch huet gewisen, wéi wichteg Austausch, Matgestaltung a Wëssen iwwer Europa fir eis Schüler sinn.

Read more



Visitt Europaparlament

21.12.2024

Gëschter haten zwou Klassen aus dem ECG d’Geleeënheet, d’Europaparlament zu Stroossbuerg ze entdecken. Den Charel Goerens huet d’Klasse ronderëm gefouert, a si hunn zesummen iwwer wichteg wirtschaftlech a geopolitesch Themen diskutéiert. Et war eng inspiréierend Erfarung fir jiddereen!

Read more



Expositioun EU4You(th)

04.03.2024

De 4. Mäerz 2024 war déi féierlech Aféierung am ECG vun der Ausstellung EU4You(th), déi een wärend 2 Wochen am Lycée bestaunen kann. Eis 2e Schüler sinn duerch de Contenu vun der Ausstellung gefouert ginn vun der Madamm Anne Calteux, représentante de la Commission européenne. Dono haten eis Schüler nach genuch Zäit vir dem Europadeputéierten Monsieur Charles Goerens, hir Froen ze stëllen iwwer d’aktuell politesch Situatioun an Europa.

Read more



La semaine de l'Europe à l'ECG

27.06.2023

L’ECG a organisé comme chaque année une semaine de l’Europe au sein de l’établissement scolaire. L’objectif de cette semaine est de familiariser les élèves avec l’espace européen ainsi qu’avec la politique de l’Union européenne. De plus, le but est de renforcer la pensée et la participation démocratique des jeunes. Cette année, l’accent a été mis sur la découverte du continent européen et des membres de l’Union européenne. Dans ce cadre, le comité des élèves a organisé des activités au cours de la semaine du 20 au 22 juin pour toutes les classes de l’ECG dans la salle des fêtes. La semaine s'est clôturée le 22 juin avec un débat en présence de deux députés européens, Mme Tilly Metz et M. Charles Goerens, invités par le comité des élèves. Les élèves leur ont d’abord posé des questions sur l’identité européenne ainsi que sur les échanges économiques au sein de l’UE. Ensuite, les députés ont été confrontés à des questions sur le rôle de la Chine et l’impact qu’elle exerce sur l’économie européenne. Une autre réflexion qui a été thématisée était celle de l’inflation et du ressenti de ce moment difficile par les élèves dans leur vie quotidienne.

Read more



EPAS Rallye

19.05.2023

Am Kader vun den Aktivitéiten organiséiert vun der École Ambassadrice du Parlement européen, hunn eng Réi Schüler aus dem ECG, um EPAS Rallye, Freides den 12 Mee, deel geholl.
Puer vun eise Schüler hunn um Rallye selwer mat gemaach, deen aneren Deel huet eng Statioun geleet. Bei engem Deel vun der Statioun ass et dorëms gaangen Memberlänner vun der Europäescher Union ze erkennen unhand vun engem Memory Spill. Bei deem aneren Deel ass et em eng sportlech Aktivitéit gaangen wou Schüler sou séier wéi méiglech Memberlänner hunn missen opzielen. Een groussen Merci dem EPAS vir d'Organisatioun vun deem Dag an een groussen Merci un eis Schüler déi matgemaach hunn.

Read more