skip to main content skip to main menu

Activities

European Parliament - Ambassador SchoolThe “European Ambassadors Council’s” main focus lies on enabling our students to acquire a better perception of Europe as a whole and to help them become responsible citizens. Our school has been participating in this project for a certain time now, and together with our “junior ambassadors”, we regularly organise projects directly related to Europe around a variety of topics including highlighting culinary specialties of member states, conferences with European politicians or visits of European institutions, amongst many others. A lot of plans have already been made for the coming year. We are delighted by the commitment and interest displayed by our many “junior ambassadors”. Please do not hesitate to contact us, should you have any questions or suggestions in regard to this project. (Dan Ludwig)

Am Projet „écoles ambassadrices du Parlement européen“ geet et haaptsächlech dorems, den Schüler Europa mei no ze brengen an aus hinnen verantwortlech Bierger ze machen. Onse Lycée ass sait engem gudde Joer bei desem Projet aktif dobai. Zesummen mat onsen „junior ambassadors“ organiseieren mir regelmeisseg Aktiviteiten, dei an direkter Verbindung mat Europa stinn. Sou zum Beispill d´Servéieren vun kulinaresch Spezialitéiten aus de Memberstaaten, Konferenzen mat europäeschen Politiker, Visiten vun europäeschen Institutiounen an villes méi. Och fir dest Joer sin erem eng Rei Evénementer geplangt. Ganz frou si mer iwwer de ganz aktiven Engagement an den Interessi vun onsen zahlreichen „junior ambassadors“. Sollt dir weider Froen oder Ureegungen zu desem Projet hun, mellt Iech einfach bei ons. (Dan Ludwig)

 






Suity hero

06.03.2023

Donneschdes den 2. Mäerz war d'2GMM1 ob Visitt um Gebai Konrad Adenauer um Kirchbierg, enger Annexe vum Europa Parlament. D’Schüler hunn do un engem Rollespill „Suity hero" deel geholl. Sie sinn a 6 Gruppen agedeelt ginn an all Grupp huet een Land representéiert a sollt sech erëm opbauen nodeems de Kontinent duerch ee Krich zerstéiert ginn ass. Ganz séier hunn d'Schüler festgestallt wéi komplizéiert et ass Handel ze bedreiwen a Material ze kréien wann een Grenzen huet, een Zoll an och verschidden Wärungen. Dëst Simulatiounsspill ass eng super Initiative vum EPAS an ass een flotten Einstieg an Thema EU.

Read more



Jugendrot

01.10.2021

Dës Woch war een Vertrieder vum Jugendrot am ECG, vir den 4e Schüler ze erklären wéi si sech politesch kennen engagéieren innerhalb vum Jugendparlament. Ob eng spilleresch Aart an Weis hunn Schüler gewisen kritt an wéi engen Beräicher si aktiv kennen matschwätzen an wat hir Funktioun beim Jugendparlament wier. Merci vir dës Interventioun vum Jugendrot.

Read more



Europadag

07.05.2021

Haut den Mëtteg hunn eis Junior Ambassador'en am Virfeld vum 9. Mee dem Europadag, eng kleng Aktivitéit am ECG organiséiert. Sie hunn hiren Matschüler typesch Séissegkeeten aus verschiddenen EU Länner an Tuten ugebueden an ausgedeelt vir esou dësen Dag éischter ze féieren.

Read more



EPAS Rallye

10.05.2019

Am Kader vun den Aktivitéiten organiséiert vun der École Ambassadrice du Parlement européen, huet eng Delegatioun vun den Junior Ambassador’en aus dem ECG, um EPAS Rallye, Freides den 10 Mee, deel geholl.


Read more



Demokratiekultur an eise Lycéeën

25.04.2019

“Matschwätzen, matentscheeden a matgestalten”

Donneschdes, den 25 Abrëll, hunn 6 Léit aus dem ECG, dorënner 2 Vertrieder vum Schülercomité, 2 Vertrieder vun den Junior Ambassadeuren, 1 Vertrieder vum SePAS an 1 Enseignant, un enger Formatioun iwwer den demokrateschen Fonctionnement an den Schoulen zu Lëtzebuerg deelgeholl.



Read more