passer au contenu principal passer au menu principal

EPAS Rallye

Activités | 10.05.2019

Am Kader vun den Aktivitéiten organiséiert vun der École Ambassadrice du Parlement européen, huet eng Delegatioun vun den Junior Ambassador’en aus dem ECG, um EPAS Rallye, Freides den 10 Mee, deel geholl.


Eng Réi vun eisen Schüler hunn um Rallye selwer mat gemaach, deen aneren Deel huet eng Statioun geleet wou et dorëms gaangen ass Memberlänner vun der Europäescher Union unhand vun charakteristeschen Elementer ze erkennen. Mir wënschen iech vill Spaass mam Video wou der hoffentlech genuch Impressiounen vun deem Dag kritt. Merci all den Junior Ambassador’en vir hiren Engagement an besonnesch dem Erza Morina an Zoé Matias déi sech em Filmmaterial gekëmmert hunn.