Youth Merit
Le Mérite fait partie d’un programme international ouvert à tous les jeunes âgés de 14-24 ans qui est le leader mondial des distinctions d’excellence pour les jeunes. Le Mérite prépare les jeunes pour réussir dans leur vie, sans distinction d’origine, de culture, de capacité physique, de compétences et d’intérêts.
Le Mérite encourage le développement personnel du jeune, et le programme est adaptable aux intérêts et compétences de chacun.
Le concept du Mérite est celui du défi personnel. Il offre au jeune un programme équilibré d’activités volontaires qui favorisent la découverte de soi et l’épanouissement du jeune, son indépendance, sa persévérance, son sens de responsabilité envers soi-même et son service pour la communauté. Il choisit un Bénévolat, un Sport, un Talent et il participe à une Expédition.
Si vous voulez participer à cette activité, contactez les tuteurs de l’ECG :
Max Espen:
Marc Ries:
L’activité n’a pas lieu tous les lundis, mais sur RDV.
De Mérite Jeunesse Luxembourg ass fir Schüler tëschent 14 a 24 Joer geduecht a gehéiert zur weltwäit féierender Organistioun „The Duke of Edingburgh’s International Award“.
Et geet dorëms verschidde Beräicher am Liewe kennen ze léieren. Et engagéiert een sech am Fräiwëllegendéngscht, et beweegt een sech an et huet een d’Méiglechkeet sech nei Talenter unzëeegenen. D’Kréinung vun dësem Projet ass den Hike, deen dir selwer mat Hëllef vun ärem Tuteur organiséiert. Hei geet et dorëms, an der Natur ouni Luxus eens ze ginn an dat ass soumat mat vill Abenteuer a Spaass verbonnen.
Wann s du Schüler am ECG bass a wëlls beim Mérite Jeunesse matmaachen, dann zeck net a mell dech per Mail bei dengen Tuteuren:
Max Espen:
Marc Ries:
Dës Aktivitéit fënnt net all Woch statt, mee mir treffen eis mat dir fir iwwert deng eegen Entwécklungen ze schwätzen a maachen ëmmer individuell nei Terminer aus.

Hike - Mérite Jeunesse
03.04.202513 motivéiert Schüler a Schülerinnen aus dem ECG hu sech dëst Joer rëm am Kader vum Mérite Jeunesse op e spannenden Hike ronderëm Larochette gemaach. Mat Rucksack, Kaart a Kompass ausgerüst, goung et mat Teamgeescht, Duerchhalverméigen a gudder Laun duerch d’Natur.
Och wann et ënnerwee mol zu klengen Ëmweeër komm ass, hunn d’Gruppen zesummegehalen an ëmmer rëm den richtege Wee fonnt. D’Schüler hunn selwer gekacht, sech organiséiert a nei Erfarungen ganz am Geescht vum Mérite Jeunesse gesammelt.
Dësen Hike war net nëmmen eng sportlech Erausfuerderung, mee och eng Lektioun a Selbststännegkeet, Zesummenhalt an Engagement.
Mir si stolz op eis 13 Participanten, a freeën eis schonn op déi nächst Etapp.
Read more

Remise des insignes du Mérite Jeunesse
12.03.2025Am Kader vum Mérite Jeunesse goufen de 11. Mäerz 11 Schüler aus dem ECG op der “Céremonie de remise des insignes” am Forum Campus Geesseknäppchen geéiert a kruten hier Insigne vum President S.A.R. Prënz Guillaume iwwerreecht. Vun dësen 11 engageierten Participanten, hunn 4 de bronze Grad an 7 den sëlwer Grad absolvéiert.
Read more

Ausstellung vum Mérite Jeunesse
07.11.2024Den ECG huet dëst Joer eng Ausstellung vum Mérite Jeunesse bei sech op Besuch gehat. Dës erzielt iwwer 30 Joer Geschicht vum Mérite Jeunesse an weist divers Témoignagen vun Alumni, déi dësen Programm erfollegräich absolvéiert hunn.
Read more

Infostand Mérite Jeunesse
08.10.2024Och dëst Joer gouf den alljärlechen Infostand vum Mérite Jeunesse am ECG ofgehalen. Vill motivéiert Schüler hunn sech fir de Mérite Jeunesse ugemellt a mir feeën eis mat hinnen op dës gemeinsam Rees ze goen. E groussen Merci geet un d'Participanten déi hiren Matschüler den Mérite Jeunesse erkläert a nobruecht hunn. Déi Schüler déi sech nach wëllen umellen oder Froen hunn, kennen sech am Sepas beim Här Espen (Coordinateur Mérite Jeunesse) mëllen.
Read more

Final Expeditioun Mérite Jeunesse
09.07.2024Och dëst Joer hunn d’Bronze a Sëlwer Participanten vun Mérite Jeunesse aus dem ECG hier finale Expeditioun absolvéiert. Dëst an enger flotter Zesummenaarbecht mam LGE.
Am ganzen 15 Schüler (4 Bronze, 11 Sëlwer) aus dem ECG hunn hier Expeditioun absolvéiert. D’Participanten hunn an hiren 3 respektiv 2 Deeg (Bronze Participanten) d’Buergen a Schlässer am Norden vun Lëtzebuerg entdeckt a besicht.
Read more

Preparatiounsexpeditioun
02.05.2024Am Kader vum Mérite Jeunesse hunn 15 Schüler aus dem ECG den 20-21 Abrëll hir Präparatiounsexpeditioun absolvéiert. Dovun 7 Bronze an 8 Sëlwer Participanten. D'Schüler hunn eng super Leeschtung bruecht an sinn prett fir hiren finalen Hike.
Read more
Céremonie de remise des insignes
06.03.2024Am Kader vum Mérite Jeunesse goufen de 5ten März 6 Schüler aus dem ECG op der “Céremonie de remise des insignes” am Forum Campus Geesseknäppchen geéiert a kruten hier Sëlwermedail vum President S.A.R. Prënz Guillaume iwwerreecht.
Read more

Infostand Mérite Jeunesse
12.10.2023Den 11.10.2023 hunn 3 Participante vum Mérite Jeunesse mat Ënnerstëtzung vun hirem Tuteur en Infostand ofgehalen.
Et huet e flotten Echangë tëscht neien a bestoenden Participante stattfonnt, sou dass een sech op e weidert flott Joer zesumme ka freeën.
Wann dir iech nach wëllt umellen, oder weider Informatioune bezüglech dem Mérite Jeunesse braucht, da mëllt iech beim Max Espen am Sepas.
Read more

Expéditiounshike
10.07.2023Nodeems déi dësjaereg Participanten vum Mérite Jeunesse hier Preparatiounsexpeditioun am Mäi 2023 absolvéiert hunn, stoung den 7.7.2023 – 9.7.2023 dann och den finalen Expeditiounshike um Programme.
Hei huet sech den Gruppe aus 3 Schüler aus dem LGE an 5 Schüler aus dem ECG nees zesummefonnt, fir gemeinsam d’Éislek ze erfuerschen.
Trotz extrem waarmen Wierderbedingungen, hunn sie hiren Wee fonnt an konnten gemeinsam hier Expeditioun erfollegräich ofschléissen.
Read more

Portrait vum Monica Marthinho op RTL
21.04.2023Série Mérite Jeunesse am „De Magazin“ op RTL vum 20 ten Abrëll 2023
Read more