
Infostand Mérite Jeunesse
Mérite Jeunesse | 17.10.2025Leschte Woch gouf an eiser Schoul en Infostand iwwert de Mérite Jeunesse (e Programm, wou jonk Leit sech an de Beräicher Sport, Benevolat, Talent an Hike kënne perséinlech weiderentwéckelen) ofgehal.
Schüler déi de Mérite Jeunesse schonn absolvéiert hunn, hunn hier Matschüler iwwer hier Challengen an Erfarungen an dësem Programm informéiert.
Vill Schüler hunn d’Geleeënheet genotzt, sech ze informéieren an anzeschreiwen.
Et si nach e puer Plaze fräi, wann’s du Loscht hues dobäi ze sinn, mell dech beim Här Espen am Service EPS!
» photos