passer au contenu principal passer au menu principal

Diplomiwwerreechung Mérite Jeunesse

Mérite Jeunesse | 16.03.2026

Dënschdes den 10.3.2026 haten 11 Participante vum Mérite Jeunesse aus dem ECG, di grouss Freed un der imposanter Diplomiwwerreechung am Forum Geesseknäppchen deelzehuelen.

An der Präsenz vum Grand-Duc Guillaume kruten 10 Participanten hire sëlwer Award an 1 Participante hire bronze Award. Besonnesch houfreg si mir dorop, dass eng engagéiert Schülerin hire sëlwer Projet mat vill Passioun presentéiert huet an eng aner mat musikalescher Begleedung fir eng besonnesch stëmmeg Ambiance gesuergt huet. Mir freeën eis op de weider Parcours vun eisen engagéierte Laureaten.




» photos