passer au contenu principal passer au menu principal

Finalen Hike

Mérite Jeunesse | 11.06.2025

Den Weekend vum 6.6.25 - 8.6.25 hu 15 Schüler aus dem ECG hiren finalen Hike am Kader vum Mérite Jeunesse absolvéiert. Dëst Joer gouf den Hike am Éislek ofgehalen. D'Schüler hunn mat Rucksak, Gaskocher an Zelt all Dag em déi 20 Kilometer zu Fouss zeréckgeluecht. Obwuel et en haarden Challenge war, ass d'gudd Laun an den Teamgeescht ëmmer present gewiescht. Mir gratuléieren all den Participanten dass si hiren finalen Hike erfollegräich absolvéiert hunn.




» photos