
Stand Mérite Jeunesse
Mérite Jeunesse | 22.10.2026Den 2. Oktober 2026 war, wéi all Joer, den Infostand vum Mérite Jeunesse am ECG vertrueden. De Mérite Jeunesse ass en Internationalen Award fir Jonker, bei deem si duerch Benevolat, Sport, d’Entdecke vun neien Talenter an Expeditiounen hiert Selbstvertraue stäerken an nei Fäegkeeten entwéckele kënnen.
Fréier an aktuell Participanten hunn hire Matschüler vun hiren Erfarunge mam Award erzielt an si motivéiert, sech och beim Mérite Jeunesse ze engagéieren.
Et goufe scho vill nei Umeldungen, et sinn awer dëst Joer nach e puer Platze frei. Wann dir nach Interessi hutt oder weider Infoe wéilt, kënnt dir Iech beim Här Espen mëllen.
» photos


