
Finalhike vum Mérite jeunesse
Mérite Jeunesse | 16.07.202614 Schüler hunn dëst Joer de Finalhike vum Mérite Jeunesse erfollegräich ofgeschloss – 3 Gold- an 11 Sëlwer-Participanten.
A verschiddenen Etappe si si vu Woltz bis op Ettelbréck gewandert. Fir d'Gold-Participanten huet dat véier Deeg an dräi Nuechten an der Natur bedeit, fir d'Sëlwer-Participanten dräi Deeg an zwou Nuechten.
Trotz héijen Temperaturen hu si Kilometer fir Kilometer mat vill Ausdauer zeréckgeluecht. Si hu sech selwer orientéiert, ënnerwee gekacht, zesumme gelaacht a gekrasch, sech géigesäiteg motivéiert an och nach déi steilst Montéeën als Team gemeeschtert.
Dësen Hike war vill méi wéi eng Wanderung – en huet gewisen, wat mat Zesummenhalt, Duerchhalverméigen an Teamgeescht alles méiglech ass.
Mir si stolz op all eenzelne Participant. Gratulatioun zu dëser impressionanter Leeschtung!
» photos


