
Preparatiounshike 2
Mérite Jeunesse | 30.04.2025De Weekend vum 26. op den 27. Abrëll huet den zweeten Grupp vum Mérite Jeunesse aus dem ECG sech an der Fiels fir hiren Preparatiounshike zesummefonnt. Dësen Hike ass en Deel vum Virbereedungsprozess fir d'Finalexpeditioun an huet de Jonken d’Méiglechkeet ginn, hiert Wëssen a Fäegkeeten am Beräich Navigatioun, Teamaarbecht a Selbstännegkeet ze testen an ze stäerken.
Ënnerwee hunn déi Jugendlech mat Kaart a Kompass geschafft, Orientéierungsübungen gemaach a geléiert, wéi ee sech an der Natur organiséiert, vum Opstellen vum Zelt bis bei d’Kachen um Campingkocher. D’Nuecht gouf an Zelter verbruecht, an trotz e bësse Keelt war d’Stëmmung gutt an den Zesummenhalt an der Grupp staark.
Den Hike war net nëmmen eng gutt Praxis virun der finaler Expeditioun, mee och eng Geleeënheet, fir sech selwer besser kennenzeléieren, nei Frëndschaften ze knäppen an als Grupp zesummenzewuessen.
Mir freeën eis schonn op déi nächst Etapp vum Mérite Jeunesse am ECG.
» photos