passer au contenu principal passer au menu principal

Suity hero

Activités | 06.03.2023

Donneschdes den 2. Mäerz war d'2GMM1 ob Visitt um Gebai Konrad Adenauer um Kirchbierg, enger Annexe vum Europa Parlament. D’Schüler hunn do un engem Rollespill „Suity hero" deel geholl. Sie sinn a 6 Gruppen agedeelt ginn an all Grupp huet een Land representéiert a sollt sech erëm opbauen nodeems de Kontinent duerch ee Krich zerstéiert ginn ass. Ganz séier hunn d'Schüler festgestallt wéi komplizéiert et ass Handel ze bedreiwen a Material ze kréien wann een Grenzen huet, een Zoll an och verschidden Wärungen. Dëst Simulatiounsspill ass eng super Initiative vum EPAS an ass een flotten Einstieg an Thema EU.




» photos