
EPAS Rallye
Activités | 06.05.2026Am Kader vun der Europawoch haten haut e puer Schüler vun der 3e d’Geleeënheet, um Rallye vum EPAS deelzehuelen. Bei verschiddenen Atelieren duerch d’Stad konnten si hiert Wëssen iwwer d’Europäesch Unioun an d’Memberstaaten ënner Beweis stellen. Dobäi hunn net nëmmen hier d’Wëssen, mee och d’Schnellegkeet eng wichteg Roll gespillt. D’Schüler ware mat vill Spaass an Engagement dobäi a konnten sech um Enn déi 3. Plaz sécheren.
» photos


