passer au contenu principal passer au menu principal

Language Rally

Activités | 01.10.2026

Den 30. September huet d’Klass 3GCM1 d’Europa Experience Luxembourg besicht, fir den Europäeschen Dag vun de Sproochen ze feieren. Si hunn un enger interaktiver Rallye deelgeholl, bei där si véier verschidde Sproochestatioune besicht hunn. Mat Quizzen, Spiller an interessanten Aktivitéiten hunn si déi 24 offiziell Sprooche vun der Europäescher Unioun entdeckt. Dobäi konnten si méi iwwert d’Villsproochegkeet an d’Diversitéit vun de Sproochen an Europa léieren. D’Aktivitéite goufe vu Sproochexperten an Iwwersetzer vum Europäesche Parlament an der Europäescher Kommissioun encadréiert. Fir d’3GCM1 war et e flotten an interaktive Schouldag, bei deem si op eng spilleresch Aart a Weis méi iwwert Europa a seng Sprooche geléiert hunn.




» photos