passer au contenu principal passer au menu principal

Europawoch am ECG

Activités | 11.05.2025

Am Kader vum Europadag den 9. Mee huet an eiser Schoul eng Europawoch stattfonnt. Ugefaangen huet d'Woch e Méindeg mat engem Austausch tëschent eise Schüler a mam Europadeputéierten Charles Goerens, bei deem aktuell europäesch Themen diskutéiert goufen an d’Schüler hir Froen direkt stelle konnten. Mëttwochs huet eis Schoul aktiv um EPAS-Rallye deelgeholl, souwuel mat enger eegener Statioun wéi och als Grupp. Dëse Rallye war eng spilleresch Geleeënheet, fir d’Schüler mat den Aufgaben an Eegeschafte vun der Europäescher Unioun vertraut ze maachen.
D’Europawoch huet gewisen, wéi wichteg Austausch, Matgestaltung a Wëssen iwwer Europa fir eis Schüler sinn.




» photos