passer au contenu principal passer au menu principal

Visitt vun der Europa Experience

Activités | 06.05.2026

Am Kader vun eiser Europawoch haten d'Schüler haut d’Méiglechkeet, un enger Visitt am Europa Experience um Kierchbierg deelzehuelen.
Bei engem interaktive Role-Play Game konnten d’Participanten an d’Roll vun Europadeputéierte schlüpfen an esou de Prozess vun der Ausaarbechtung vun europäesche Gesetzer op eng lieweg an dynamesch Aart a Weis entdecken.
D’Schüler goufen a véier politesch Gruppen opgedeelt, fir legislativ Propositiounen ze analyséieren, driwwer ze diskutéieren an zesummen Entscheedungen ze treffen. Dobäi konnten si konkret erliewen, wéi Kompromësser entstinn an wéi d’Aarbecht am Europäesche Parlament fonctionnéiert.
Eng spannend an interaktiv Erfarung, déi e flotte prakteschen Abléck an d’europäesch Demokratie ginn huet.




» photos