
Table ronde am Kader vun der Europawoch
Activités | 04.05.2026Haut war den Optakt fir eis Aktivitéiten am Kader vun der Europawoch. De Start gouf mat enger Table ronde gemaach, un där déi zwee Europadeputéiert, den Här Goerens an den Här Angel, deelgeholl hunn.
Eis Schüler aus den 2e Klassen haten d’Geleeënheet, an engem interessanten Austausch méi iwwer déi aktuell politesch Situatioun an Europa ze léieren. Dobäi goufen och d’Aufgaben an d’Roll vun den Europadeputéierten thematiséiert.
D’Diskussioun huet de Schüler erlaabt, Froen ze stellen an e méi déifen Abléck an d’europäesch Politik ze kréien. E flotten an interessanten Start an eng spannend Europawoch.
» photos


