
MEP Shadowing
Activités | 19.03.2026Vum 17. bis den 18. Mäerz hunn d’Schüler um Projet „MEP shadowing“ am Europäeschen Parlament zu Bréissel deelgeholl. Um éischten Dag hunn si eng guidéiert Visitt duerch d’Gebai gemaach an dobäi vill iwwert d’Funktioun an d’Aarbecht vun der Europäescher Unioun geléiert. Zousätzlech hunn si un enger Presentatioun iwwert Desinformatioun deelgeholl an dobäi verstanen, wéi wichteg et ass, Informatiounen kritesch ze iwwerpréiwen.
Den zweeten Dag haten d’Schüler d’Méiglechkeet, Deputéiert (MEPs) ze begleeden an esou en direkten Abléck an hire Beruffsalltag ze kréien. Dobäi hunn si gesinn, wéi eng Aufgaben an Verantwortung MEPen am Alldag hunn.
Dëse Projet huet de Schüler eng wäertvoll Erfarung ginn an hiert Versteesdemech fir d’Europäesch Unioun gestäerkt. E grousse Merci un den EPAS fir dës Méiglechkeet.
» photos



