Activités

Am Projet „écoles ambassadrices du Parlement européen“ geet et haaptsächlech dorems, den Schüler Europa mei no ze brengen an aus hinnen verantwortlech Bierger ze machen. Onse Lycée ass sait engem gudde Joer bei desem Projet aktif dobai. Zesummen mat onsen „junior ambassadors“ organiseieren mir regelmeisseg Aktiviteiten, dei an direkter Verbindung mat Europa stinn. Sou zum Beispill d´Servéieren vun kulinaresch Spezialitéiten aus de Memberstaaten, Konferenzen mat europäeschen Politiker, Visiten vun europäeschen Institutiounen an villes méi. Och fir dest Joer sin erem eng Rei Evénementer geplangt. Ganz frou si mer iwwer de ganz aktiven Engagement an den Interessi vun onsen zahlreichen „junior ambassadors“. Sollt dir weider Froen oder Ureegungen zu desem Projet hun, mellt Iech einfach bei ons. (Dan Ludwig)




EPAS Rallye
10.05.2019Am Kader vun den Aktivitéiten organiséiert vun der École Ambassadrice du Parlement européen, huet eng Delegatioun vun den Junior Ambassador’en aus dem ECG, um EPAS Rallye, Freides den 10 Mee, deel geholl.
Lire la suite

Demokratiekultur an eise Lycéeën
25.04.2019“Matschwätzen, matentscheeden a matgestalten”
Donneschdes, den 25 Abrëll, hunn 6 Léit aus dem ECG, dorënner 2 Vertrieder vum Schülercomité, 2 Vertrieder vun den Junior Ambassadeuren, 1 Vertrieder vum SePAS an 1 Enseignant, un enger Formatioun iwwer den demokrateschen Fonctionnement an den Schoulen zu Lëtzebuerg deelgeholl.
Lire la suite