passer au contenu principal passer au menu principal

Événements européens et solidaires

Semaine de la démocratie - Debate Club

31.10.2025

Am Kader vun der Semaine de la démocratie, hunn eis Schüler an eisem leschten ECG Debate Club zesumme mam Här Schoentgen, Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung iwwer d’Thema Demokratie diskutéiert: ass se wirklech a Gefor, a wa jo, wisou?

Mir soen dem Här Schoentgen villmols Merci fir seng Zäit an de ganz interessanten Échange.

D’Fotoe goufe gemaach vun enger Schülerin aus der Optioun Photographie.

Lire la suite



Semaine de la démocratie - Cour de Justice européenne

31.10.2025

Dese Fréideg, den 31. Oktober, haten eis 2e Schüler d’Méiglechkeet un enger Visitt vun der Cour de Justice européenne deel ze huelen. No engem ganz informativen Rondgang vum Gebéi, haten d’Schüler een Austausch mam M. Biltgen. Hien huet hinnen mat informativen an schülerorienteierten Beispiller, d’Funktioun vun der Cour de Justice an de Jugen erklärt. Dës interessant Visitt war den Ofschloss vun eisen Aktivitéiten fir d’Semaine de la démocratie.

Lire la suite



Semaine de la démocratie - MengChamber

29.10.2025

De Mëttwoch, den 29. Oktober, goung et weider mat eisen Aktivitéiten am Kader vun der Semaine de la démocratie. Eng Rei Schüler aus de 3e-Klassen hunn un dem Programm MengChamber, organiséiert vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB), deelgeholl.

Moies hu si un engem Workshop deelgeholl, an deem se sech mat de Wäerter vun der Demokratie auserneegesat hunn.

Mëttes haten eis Schüler d’Geleeënheet, mat zwou Deputéiert — Madame Kemp an den Här Clement — ze schwätzen. Déi zwee hunn eise Schüler Ried an Äntwert gestanen a si op hir aktuell Froen agaangen.

Als Ofschloss vum Dag konnten d’Schüler nach un enger Setzung vun der Chamber deelhuelen an den Debatten nolauschteren.

Lire la suite



Semaine de la démocratie - Rallye

27.10.2025

Den Optakt fir eis dësjähreg Semaine de la démocratie am ECG huet de Schülercomité e Méindeg, den 27. Oktober, mat hirem Demokratie-Rallye gemaach.
Eis 4e Schüler hunn hei an véier verschiddenen Atelieren Aufgaben geléist a sech dobäi mat de Wäerter vun eiser Demokratie auserneegesat.
E grousse Merci geet un eise Schülercomité, deen dës Aktivitéit flott geplangt an ëmgesat huet.

Lire la suite



Octobre en rose

24.10.2025

De Schülercomité vum ECG hat di flott Iddi dëse Freiden (24.10.25) an de Pausen e Stand mat Kuch a Gedrénks ze organiséieren, dëst am Kader vum Octobre en rose. Dëst ass eng Initiativ fir op Broschtkriibs opmierksam ze maachen. E grousse Merci un Europa Donna Luxembourg ASBL déi si mat flotte Gadget’en ënnerstëtzt huet. Den Erléis vun dëser flotter Initiativ wäert gespent ginn.

Lire la suite