passer au contenu principal passer au menu principal

Meenungs- a Pressfräiheet an eiser haiteger Gesellschaft

Événements européens et solidaires | 19.01.2026

Freides, den 16. Januar, sinn zwee Journalisten an eise Lycée komm, fir mat de Klassen 2GCF2 an 2GMM2 iwwert d’Pressfräiheet ze schwätzen. Och de franséischen Ambassadeur, Monsieur Bouchard, huet sech dës Geleeënheet net entgoe gelooss, fir eise Schüler ze erklären, wéi wichteg d’Meenungs- a Pressfräiheet an eiser haiteger Gesellschaft ass.
Am Kader vun der Ausstellung dës Woch mat Karikature vum Plantu hunn d’Schüler zesumme mat de Journalisten e puer vu senge Wierker analyséiert. Während deenen zwou Stonnen ass en interessanten a wäertvollen Austausch tëscht eise Schüler an den Intervenante zustane komm.




» photos