
Workshop Arte
Événements européens et solidaires | 29.10.2026Am Kader vun der Semaine de la démocratie huet gëschter, den 28. Oktober 2026, den interaktiven Atelier „Démocra-quoi ?“ bei eis am ECG stattfonnt. D’Initiativ gouf vum Institut Pierre Werner an ARTE, an a Kooperatioun mam Liaisonbüro vum Europäesche Parlament zu Lëtzebuerg, organiséiert. De Journalist Alexandre Kouchner huet sech mat de Schüler a Schülerinnen iwwer d’Demokratie, hir Erausfuerderungen an d’Roll vun de Jonken an der demokratescher Gesellschaft ausgetosch. Den Atelier huet de Jugendlechen d’Méiglechkeet ginn, iwwer d’Bedeitung vun der Demokratie nozedenken a sech mat der Fro auserneenzesetzen, wéi si sech aktiv an d’Gesellschaft abrénge kënnen.
Co-organisateurs
L’Ambassade de France au Luxembourg
Arte
Co-financeur
Le Parlement européen
» photos


