passer au contenu principal passer au menu principal

Visitt vum Musée National de la Résistance et des Droits humains

Événements européens et solidaires | 03.02.2026

Am Kader vum Internationalen Gedenkdag fir den Holocaust huet d’Klass 2CN den 2. Februar un enger pedagogescher Konferenz am Musée National de la Résistance et des Droits Humains zu Esch-Uelzecht deelgeholl.
D’Schülerinnen a Schüler haten d’Geleeënheet, enger Konferenz zum Thema „Meng Famill gouf ermord – déi nationalsozialistesch Verfollegung vun de Sinti a Roma an Europa“ nozelauschteren an duerno an en direkte Austausch mat der Zäitzeien Carmen Spitta, Vertriederin vun der zweeter Generatioun, ze trieden.
Dës Aktivitéit huet et de Jonke erméiglecht, sech intensiv mat der historescher Erënnerung, de Konsequenze vum Nationalsozialismus an der Bedeitung vun de Mënscherechter auserneenzesetzen.




» photos