
Semaine de la démocratie - MengChamber
ES | 29.10.2025De Mëttwoch, den 29. Oktober, goung et weider mat eisen Aktivitéiten am Kader vun der Semaine de la démocratie. Eng Rei Schüler aus de 3e-Klassen hunn un dem Programm MengChamber, organiséiert vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB), deelgeholl.
Moies hu si un engem Workshop deelgeholl, an deem se sech mat de Wäerter vun der Demokratie auserneegesat hunn.
Mëttes haten eis Schüler d’Geleeënheet, mat zwou Deputéiert — Madame Kemp an den Här Clement — ze schwätzen. Déi zwee hunn eise Schüler Ried an Äntwert gestanen a si op hir aktuell Froen agaangen.
Als Ofschloss vum Dag konnten d’Schüler nach un enger Setzung vun der Chamber deelhuelen an den Debatten nolauschteren.
» photos



