Debate Club
Rejoignez le Debate Club tous les lundis de 12h35 à 13h25 au CDI2, avec Madame R’Biaa et Madame Skenderovic — un espace pour apprendre à débattre, convaincre et écouter.

Thema Klimaschutz am Debate club
04.02.2026Viru bal engem Joerzéngt si vill Jonker reegelméisseg fir e méi staarke Klimaschutz op d'Strooss gaangen. Hautdesdaags schéngt déi Thematik awer manner Schüler a Studenten ze interesséieren, an dat obwuel den Impakt vum Klimawandel och hei am Land ëmmer mei spierbar gëtt. Zesumme mat der eemoleger Deputéiert Jessie Thill hunn eis Schüler am Debate Club sech iwwer des Thematik ausgetosch.
Lire la suite

Debate club - Xavier Bettel
07.01.2026Mir haten d’Éier, beim leschten Debate Club de lëtzebuerger Ausseminister, den Här Xavier Bettel, als Gaascht begréissen ze däerfen. Hien huet sech Zäit geholl, fir mat eise Schüler iwwer déi aktuell geopolitesch Situatioun ze diskutéieren an hinne wäertvoll Ablécker ze vermëttelen. Mir soen dem Här Bettel e grousse Merci fir säi Besuch an de beräicherenden Austausch.
Lire la suite

Andy Schammo vum Centre for Equal Treatment am Debate Club
28.11.2025Den Andy Schammo vum Centre for equal treatment (CET) war dës Kéier eisen Invité am ECG Debate Club. Zesumme mat eise Schüler huet hien iwwer d'Thema toxesch Männlechkeet diskutéiert: vu wou kënnt de Begrëff a wéi wierkt en sech op eis Gesellschaft aus? Mir soen dem Andy villmools Merci fir den interessanten Échange!
D'Fotoe goufe gemaach vun zwou Schülerinnen aus der Fotographiesoptioun, dem Clara Tollardo an Océane de Sousa. Och hinnen e grousse Merci!
Lire la suite



