passer au contenu principal passer au menu principal

Debate club x Politics

Debate Club | 29.10.2026

D’Schülerinnen an d’Schüler vum Debate Club haten déi lescht an dës Woch d’Geleeënheet, mat véier Politikerinnen a Politiker, an zwar mam Meris Sehovic, Barbara Agostino, Tom Weidig a mam Djuna Bernard, iwwer spannend an aktuell Themen ze diskutéieren, wéi eise Schoulsystem, d’PISA-Resultater an d’Jugendwalrecht.

Dobäi konnten eis Jonk hir Meenung soen, kritesch Froen stellen, hir Argumenter verdeedegen an och emol de Politikerinnen a Politiker op den Zant fillen. Gläichzäiteg konnten si aner Siichtweise kenneléieren an en Abléck an d’Politik kréien.

E grousse Merci un eis véier Invitéen, déi sech Zäit geholl hunn, fir mat eise Schülerinnen a Schüler an den Austausch ze kommen!




» photos