
Éischte Präis fir den ECG um Debate Day
Debate Club | 08.07.2026Haut war den alleréischten Debate Day, organiséiert vum SCRIPT am Lycée Josy Barthel zu Mamer. Do hu sech d’Schülerinnen a Schüler a verschiddenen Epreuve misse bewäisen an sech géint déi aner Ekippen an Debatten zum Thema Konsum, Gesondheet an Lifestyle behaapten.
D’Ekipp vum ECG konnt sech dobäi den éischte Präis sécheren!
E wonnerbare Ofschloss fir d’Membere vum éischten Debate Club vum ECG, déi mat hiren pertinente Iddien, hirer Schlagfäerdegkeet an hirem kritesche Geescht de Jury iwwerzeege konnten.
» photos


