
Debate club am Europa Experience
Debate Club | 06.10.2026De 5. Oktober haten d’Schülerinnen a Schüler vum Debate Club d’Méiglechkeet, un enger ganz besonnescher Visitt am Europa Experience zu Lëtzebuerg deelzehuelen.
A Presenz vum Europadeputéierte Charles Goerens konnte si un enger VIP-Tour deelhuelen. Dobäi krute si esouguer d’Méiglechkeet, den 16. Stack vum Gebai ze besichen, deen normalerweis net fir de Public zougänglech ass. Donieft hate si d’Geleeënheet, un engem informativen an interessanten Austausch mam Här Goerens deelzehuelen, Froen ze stellen an iwwer europäesch Themen ze diskutéieren.
Zum Ofschloss konnten d’Schülerinnen a Schüler den Europa Experience Center entdecken an op eng interaktiv Aart a Weis méi iwwer d’Europäesch Unioun, hir Institutiounen an hir Funktiounsweis gewuer ginn.
Eng flott an informativ Erfarung fir eisen Debate Club!
» photos


