Echecs
“Chess is war over the board. The object is to crush the opponent’s mind”
(Bobby Fischer)
D’Schachspill gouf virun ongeféier 2500 Joer gebuer. Et gëtt gesot dass seng Originnen aus China stamen.
Am Spill geet et drëms, de géigneresche Kinnek « schachmatt » ze setzen, dat heescht hien esou ugräifen, dass hie guer kee legalen Zuch méi huet. Dann huet een d’Partie gewonnen. Wärend dem Spille muss een sech e Plang schafen, fir de Géigner ze iwwerspillen an d’ Partie esou ze gewannen. Strategie an Taktik spillen eng ganz wichteg Roll, mee och Mëttel- an Endspill Kenntnisser sinn net manner wichteg. D’Schachspill trainéiert verschidden Deeler am Gehir: et verstäerkt d’Memoire an zum Deel och d’Imaginatioun an 3D-Geometrie. Et hëlleft och wichteg Entscheedungen ze treffen: am Spill selwer, mee och am Liewen.
Zil vun der Optioun ass et d’ Schachspill bei de Schüler ze fërderen an dann den ECG bei Turnéieren ze vertrieden.
“Chess is everything: art, science and sport”
(Anatoly Karpov)

Tournoi d'échecs interscolaire @EIDE 2026
26.03.2026Siwe Schüler aus dem ECG hunn d’Faarwe vun eiser Schoul um staark besaten Tournoi d'échecs interscolaire @EIDE 2026 vertrueden. Si konnten sech um Schluss als 6. vun am ganze 25 Ekippe klasséieren.
Felicitatioune vun der Direktioun fir déi remarkabel individuell Victoirë géint eng staark Konkurrenz, an dat schéint kollektiivt Resultat dat den Teamgeescht an d’Potential vun där jonker Ekipp ënner Beweis stellt. Eis Komplimenter, an no vir!
Crédits photos: Le Cavalier Differdange / https://lecavalier.lu/
Ces images restent la propriété de leurs auteurs respectifs; utilisées à titre illustratif.
Lire la suite

Schachoptioun
26.03.2026Zënter dem 19. Januar gëtt méindes an der duebeler Mëttespaus vun 12:15 bis 13:25 am CDI2 Schach gespillt. Eis Ekipp, déi ënnert der Leedung vum Här Jean-Paul Schreiner (emeritéierte Mathésproff aus dem ECG) an dem jonken FM Nicolas Bourg steet, ass op fir jiddereen a wiisst stänneg. Zënterhier huelen eis Spiller och un interscolairen Turnéieren deel, mat ganz respektabele Resultater. Weider esou!
Océane De Sousa
Lire la suite

Schach Challenge LN 2026
04.03.2026Déi frësch gegrënnte Schachekipp vum ECG huet op hirem éischten Turnéier - dem Challenge LN 2026 zu Wolz - déi fantastesch drëtt Plaz beluecht an domat eng éischt Trophee fir eis Schoul gewonnen. Dobäi huet hire Kapitän, den Nicolas Bourg, siwe vu senge siwe Partië gewonnen an ass domat de Gewënner vum Turnéier an der individueller Bewäertung. Bei de Spiller ouni Lizenz war de Fabio Valério Neves dee Beschte vum Turnéier. Am ECG-Ranking kruten den Nicolas Bourg als éischten, de Fabio Valério Neves, als Zweetplacéierten, de Shaikho Ousso, als Drëttplacéierten, den Nicolas Ries, als Véiertplacéierten, gradewéi den Alex Pesch Medaile bei den U17, respektiv U18, fir hir Verdéngschter. Bravo!
Felicitatiounen alle Spiller fir hiren Asaz an dat schéint Resultat, an e grousse Merci un hire Coach, den Här Schreiner, fir seng Presenz a wäertvoll Ënnerstëtzung.
Lire la suite

Schachtournoi am LAML
19.12.2023De Schachgrupp vum ECG um Tournoi am Lycée Aline Mayrisch.
Lire la suite


