passer au contenu principal passer au menu principal

Challenge du LPEM 2026

Echecs | 30.04.2026

Sechs Schachspiller aus dem ECG hunn den 28. Abrëll um Turnéier vum Lycée Privé Émile Metz deelgeholl an e staarkt Resultat opweises. Felicitatiounen um individuelle Plang un eis zwee Medailegewënner – dem Nicolas fir d’Goldmedail ënner de Lizenzspiller, an dem Fabio fir d’Bronzemedail ënner den Net-Lizenzspiller – awer ganz besonnesch un déi ganz Ekipp, fir dee wäertvolle gemeinsamen Asaz. Mat enger eenzeger Victoire weider wier den ECG an der Teamwäertung esouguer op déi drëtt Plaz komm an hätt domat d’bronzen Trophee kritt; dat ass eng staark Leeschtung! Merci dofir, a Stäerkt a Courage fir d'Zukunft!




» photos