
Schachoptioun
Echecs | 26.03.2026Zënter dem 19. Januar gëtt méindes an der duebeler Mëttespaus vun 12:15 bis 13:25 am CDI2 Schach gespillt. Eis Ekipp, déi ënnert der Leedung vum Här Jean-Paul Schreiner (emeritéierte Mathésproff aus dem ECG) an dem jonken FM Nicolas Bourg steet, ass op fir jiddereen a wiisst stänneg. Zënterhier huelen eis Spiller och un interscolairen Turnéieren deel, mat ganz respektabele Resultater. Weider esou!
Océane De Sousa
» photos


