
Schach Challenge LN 2026
Echecs | 04.03.2026Déi frësch gegrënnte Schachekipp vum ECG huet op hirem éischten Turnéier - dem Challenge LN 2026 zu Wolz - déi fantastesch drëtt Plaz beluecht an domat eng éischt Trophee fir eis Schoul gewonnen. Dobäi huet hire Kapitän, den Nicolas Bourg, siwe vu senge siwe Partië gewonnen an ass domat de Gewënner vum Turnéier an der individueller Bewäertung. Bei de Spiller ouni Lizenz war de Fabio Valério Neves dee Beschte vum Turnéier. Am ECG-Ranking kruten den Nicolas Bourg als éischten, de Fabio Valério Neves, als Zweetplacéierten, de Shaikho Ousso, als Drëttplacéierten, den Nicolas Ries, als Véiertplacéierten, gradewéi den Alex Pesch Medaile bei den U17, respektiv U18, fir hir Verdéngschter. Bravo!
Felicitatiounen alle Spiller fir hiren Asaz an dat schéint Resultat, an e grousse Merci un hire Coach, den Här Schreiner, fir seng Presenz a wäertvoll Ënnerstëtzung.
» photos



