
Madamm Caroline Mart am Debate Club
Debate Club | 05.05.2026D’Caroline Mart ass eng Journalistin déi mat hirer Émissioun « Kloertext » d’lëtzebuerger Mediëlandschaft geprägt huet an sech schon ëmmer fir eng gesond Debattekultur agesaat huet. Et war eis eng grouss Éier d’Journalistin kuerz virun hirer leschter Émissioun bei eis an den Debate Club z’invitéieren, wou si zesumme mat eise Schüler iwwer d’Zukunft vun der Tele an d’Wichtegkeet vun der fräier Press diskutéiert huet, an op hier spannend Zäit beim RTL zréckgekuckt huet.
Mir soen der Madamm Mart e grousse Merci fir de flotten Échange.
» photos


