News

Europawoch am ECG
Activities | 11.05.2025Am Kader vum Europadag den 9. Mee huet an eiser Schoul eng Europawoch stattfonnt. Ugefaangen huet d'Woch e Méindeg mat engem Austausch tëschent eise Schüler a mam Europadeputéierten Charles Goerens, bei deem aktuell europäesch Themen diskutéiert goufen an d’Schüler hir Froen direkt stelle konnten. Mëttwochs huet eis Schoul aktiv um EPAS-Rallye deelgeholl, souwuel mat enger eegener Statioun wéi och als Grupp. Dëse Rallye war eng spilleresch Geleeënheet, fir d’Schüler mat den Aufgaben an Eegeschafte vun der Europäescher Unioun vertraut ze maachen.
D’Europawoch huet gewisen, wéi wichteg Austausch, Matgestaltung a Wëssen iwwer Europa fir eis Schüler sinn.
Read more

L’ECG, la vraie école entrepreneuriale
Introduction | 10.05.2025Article publié le 10 mai 2025 au Luxemburger Wort.
Read more

Visite RSM Tax and Accounting
BTS | 08.05.2025Le mercredi 7 mai 2025, les étudiants des formations BCF comptable et fiscal ont eu l'opportunité de visiter la fiduciaire RSM Tax & Accounting Luxembourg. Dans un premier temps, deux représentants ont présenté le métier de l'Expert-comptable. Ensuite deux anciens étudiants de l'ECG ont partagé leurs expériences et pour terminer, les étudiants ont participé à un quiz basé sur la présentation.
Read more

Nouvelle section Data Literacy à l'ECG dès la rentrée 2025 !
Introduction | 30.04.2025L'École de Commerce et de Gestion est fière d’annoncer le lancement d'une section Data Literacy à la rentrée scolaire 2025. Cette section, de l’enseignement secondaire général, offrira aux élèves l’opportunité d’acquérir des compétences solides dans la maîtrise des données – de la collecte à l’analyse en passant par l’interprétation – et d’utiliser des outils de pointe pour travailler avec des données complexes dans divers environnements. En plus de la technique, l’accent sera mis sur la réflexion critique et les questions éthiques liées à l’usage des données.
Read more

Preparatiounshike 2
Youth Merit | 30.04.2025De Weekend vum 26. op den 27. Abrëll huet den zweeten Grupp vum Mérite Jeunesse aus dem ECG sech an der Fiels fir hiren Preparatiounshike zesummefonnt. Dësen Hike ass en Deel vum Virbereedungsprozess fir d'Finalexpeditioun an huet de Jonken d’Méiglechkeet ginn, hiert Wëssen a Fäegkeeten am Beräich Navigatioun, Teamaarbecht a Selbstännegkeet ze testen an ze stäerken.
Ënnerwee hunn déi Jugendlech mat Kaart a Kompass geschafft, Orientéierungsübungen gemaach a geléiert, wéi ee sech an der Natur organiséiert, vum Opstellen vum Zelt bis bei d’Kachen um Campingkocher. D’Nuecht gouf an Zelter verbruecht, an trotz e bësse Keelt war d’Stëmmung gutt an den Zesummenhalt an der Grupp staark.
Den Hike war net nëmmen eng gutt Praxis virun der finaler Expeditioun, mee och eng Geleeënheet, fir sech selwer besser kennenzeléieren, nei Frëndschaften ze knäppen an als Grupp zesummenzewuessen.
Mir freeën eis schonn op déi nächst Etapp vum Mérite Jeunesse am ECG.
Read more
Collaboration internationale : une semaine entrepreneuriale inspirante
Enterpreneurship at ECG | 29.04.2025Du 23 au 29 mars 2025, l’ECG a accueilli des élèves de la KV Zürich pour une semaine d’échange axée sur l’entrepreneuriat social. Après une première rencontre à Zurich, les élèves suisses ont été accueillis par leurs partenaires luxembourgeois pour une immersion totale.
Read more

Vente en commun City Concorde
Enterpreneurship at ECG | 27.04.2025Le 26 avril, les Mini-Entreprises Interlinked et Serenity de l’École de Commerce et de Gestion ont fièrement représenté leur établissement lors de la Vente en Commun au Centre Commercial City Concorde à Bertrange.
Aux côtés de nombreuses autres mini-entreprises venues d’écoles du pays, Interlinked a séduit les visiteurs avec ses élégants bracelets permanents, tandis que Serenity a charmé le public avec sa gamme locale de crèmes médicales et de bonbons pour la gorge.
Sur des stands soigneusement décorés, les deux équipes ont su capter l’attention des clients et mettre en avant leur savoir-faire, tout en développant précieuses compétences entrepreneuriales. Une expérience enrichissante et prometteuse pour ces jeunes talents !
Read more

ECG Video
Home | 23.04.2025E groussen MERCI un d’Schüler déi beim ECG Video mat gemaach hunn. Et ass e flotten an dynamesche Video ginn.
De Feedback deen mir kruten ass immens positiv
Read more

Prix Trash value challenge
Youth Start Challenges | 23.04.2025Best Team - Recyglam
Best Idea - ECGran
Best Pitch - Desert brew
Read more

Hike - Mérite Jeunesse
Youth Merit | 03.04.202513 motivéiert Schüler a Schülerinnen aus dem ECG hu sech dëst Joer rëm am Kader vum Mérite Jeunesse op e spannenden Hike ronderëm Larochette gemaach. Mat Rucksack, Kaart a Kompass ausgerüst, goung et mat Teamgeescht, Duerchhalverméigen a gudder Laun duerch d’Natur.
Och wann et ënnerwee mol zu klengen Ëmweeër komm ass, hunn d’Gruppen zesummegehalen an ëmmer rëm den richtege Wee fonnt. D’Schüler hunn selwer gekacht, sech organiséiert a nei Erfarungen ganz am Geescht vum Mérite Jeunesse gesammelt.
Dësen Hike war net nëmmen eng sportlech Erausfuerderung, mee och eng Lektioun a Selbststännegkeet, Zesummenhalt an Engagement.
Mir si stolz op eis 13 Participanten, a freeën eis schonn op déi nächst Etapp.
Read more



