
Porte ouverte 2026
Introduction | 25.04.2026De 25. Abrëll huet d’Porte ouverte vum ECG stattfonnt. Vill Visiteuren hunn d’Geleeënheet genotzt, sech iwwer eis Schouloffer an eis Schoul am Detail ze informéieren. Zu de besonneschen Highlights hunn d’Presentatioune vum Entrepreneuriat an de verschiddene Sektioune gezielt. Nieft de Sektioune vum Secondaire goufen och eis fënnef BTS-Formatiounen virgestallt.
Déi ganz Schoulcommunautéit war mobiliséiert, fir den ECG virzestellen an all Froen ze beäntweren. E grousse Merci un eis Schüler, Studenten, Elteren an dat ganzt Personal!
» photos


