Actualités

Séance d’informations “Mon avenir académique et/ou professionnel” à l’ECG
COI | 23.10.2026Le choix d’un parcours d’études ou d’une orientation professionnelle soulève souvent de nombreuses questions. L’objectif de cette rencontre initiée par la cellule d’orientation et d’intégration de l’ECG était de permettre aux élèves des classes de 2ème et 1ère et des étudiants de BTS de découvrir différentes possibilités, de mieux connaître les structures qui peuvent les accompagner et d’obtenir des informations concrètes pour préparer leur avenir.
Quatre intervenants ont ainsi pu partager leur expertise et leurs conseils, à savoir l’Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois (ACEL), l’Université du Luxembourg (Uni.lu), l’Agence pour le Développement de l’Emploi (ADEM) et IDK-Yet.
Lire la suite

Stand Mérite Jeunesse
Mérite Jeunesse | 22.10.2026Den 2. Oktober 2026 war, wéi all Joer, den Infostand vum Mérite Jeunesse am ECG vertrueden. De Mérite Jeunesse ass en Internationalen Award fir Jonker, bei deem si duerch Benevolat, Sport, d’Entdecke vun neien Talenter an Expeditiounen hiert Selbstvertraue stäerken an nei Fäegkeeten entwéckele kënnen.
Fréier an aktuell Participanten hunn hire Matschüler vun hiren Erfarunge mam Award erzielt an si motivéiert, sech och beim Mérite Jeunesse ze engagéieren.
Et goufe scho vill nei Umeldungen, et sinn awer dëst Joer nach e puer Platze frei. Wann dir nach Interessi hutt oder weider Infoe wéilt, kënnt dir Iech beim Här Espen mëllen.
Lire la suite

Teambuilding 2e
ES | 22.10.2026An der Woch vum 5. Oktober stoung bei eisen 2e Klassen alles am Zeeche vum Teamgeescht, der Zesummenaarbecht an och e bëssen vum Éiergäiz!
Iwwer véier Deeg sinn all Dag zwou Klassen a véier verschiddenen Aktivitéite géint eneen ugetrueden. D'Zil war et als Klass zesummen ze schaffen fir esou vill Punkte wéi méiglech ze sammelen!
Well d'Schüler dëst Schouljoer an nei Klassen opgedeelt goufen, war den Teambuilding och eng flott Geleeënheet, sech besser kennenzeléieren, gemeinsam Erausfuerderungen ze meeschteren an den Zesummenhalt an de Klassen ze stäerken.
Als Ofschloss vun all Dag huet eis Direktioun fir d'Schüler gegrillt.
E grousse Merci un all déi Bedeelegt fir déi véier flott Deeg!
Lire la suite

Remise des diplômes BTS
BTS | 21.10.2026Le vendredi 16 octobre 2026, nos diplômés du BTS ont été mis à l’honneur lors de la cérémonie de remise des diplômes, organisée au Grand Auditoire de la Maison du Savoir, sur le Campus Belval à Esch-sur-Alzette.
Des prix d’excellence ont également récompensé les meilleurs étudiants.
La soirée s’est clôturée autour d’un cocktail dînatoire, dans une ambiance conviviale, propice aux échanges et au partage de souvenirs et de projets d’avenir.
Félicitations à tous nos diplômés et plein succès pour la suite de leur parcours !
Lire la suite

Le BTS Finance et Produits Financiers à la découverte de la place financière luxembourgeoise
BTS | 20.10.2026Dans le cadre du cours « Introduction aux logiciels utilisés par les acteurs de la place financière », nos étudiants ont participé à quatre journées de visites et de séminaires auprès de Lombard Odier Funds S.A., Janus Henderson Investors Europe, la Banque Raiffeisen et la Banque Internationale à Luxembourg (BIL).
Au programme : gestion des investissements, gestion des risques, conformité, métiers bancaires, ouverture de comptes, crédit immobilier et placements. Autant de sujets qui leur ont permis de découvrir les réalités du secteur financier, d’échanger avec des professionnels et de faire le lien entre leurs apprentissages et les pratiques du terrain.
Un grand merci à nos quatre partenaires ainsi qu’à l’ensemble des intervenants pour leur accueil, leur disponibilité et le partage de leur expertise !
Lire la suite

À la découverte des métiers de la banque à la BIL !
BTS | 19.10.2026Le 16 octobre, les étudiants de 1re et 2e année des BTS Assistant de Direction et Finance et Produits Financiers de l’ECG ont eu l’opportunité de découvrir les coulisses de la BIL.
Au programme : présentation de la banque, découverte des activités du Client Care Center et du Retail Banking, échanges avec des professionnels du secteur et workshop consacré à la rédaction d’un CV et à la préparation des entretiens d’embauche.
Une matinée enrichissante qui a permis à nos étudiants de mieux comprendre les métiers du secteur bancaire et de se préparer à leur future insertion professionnelle.
Un grand merci à la BIL et à l’ensemble des intervenants pour leur accueil chaleureux, leur disponibilité et leurs précieux conseils !
Lire la suite

Voice-over Filmprojet mam CNA
ES | 19.10.2026Am Kader vum Filmprojet tëscht dem Centre National de l’Audiovisuel (CNA) an der École de Commerce et de Gestion (ECG) ass d’1GDL (Sektioun Data Literacy) op Diddeleng gefuer, fir de Voice-over fir hire Film opzehuelen an en Abléck an d’Behind-the-Scenes vum Filmschnëtt ze kréien.
Dobäi haten eis Schüler och d’Geleeënheet, selwer um Film matzeschaffen an déi wichtegst Szenen aus de verschiddenen Interviewen zesummenzeschneiden.
Lire la suite

Teambuilding 4e
SSE | 19.10.2026Fir eis 4e Schüler ass et dëst Joer an de Marienthal gaangen, wou d'Kenneleieren an d'Zesummewuessen als Klass am Mëttelpunkt stoungen!
Um Programm stoungen ënner anerem Klammen, Tandem an Escape Game. Ob beim Iwwerwanne vun der Höhenangscht, beim gemeinsame Léise vu Rätselen oder beim Meeschtere vun aneren Erausfuerderungen, iwwerall waren Teamwork, Vertrauen a géigesäiteg Ënnerstëtzung gefrot.
Och beim gemeinsamen Iessen an op de Busreesen haten d'Schüler d'Geleeënheet, sech besser kennenzeléieren an nei Frëndschaften ze schléissen.
Begleet goufen d'Klasse vun hire Regenten an der jeeweileger Referenzpersoun aus dem Département EPS, déi d'Schüler esou och ausserhalb vum Schoulalldag besser kenneléieren konnten.
Lire la suite

Filmprojet mam CNA
ES | 16.10.2026Am Kader vum Filmprojet tëscht dem Centre National de l’Audiovisuel (CNA) an der École de Commerce et de Gestion, hunn sech d’Schüler aus der 1GDL (Sektioun Data Literacy) mam Här Thiltges a mam Här Richard den 1. Oktober 2026 getraff vir déi lescht Entscheedunge ronderëm den Dokumentarfilm den zënter Dezember 2025 a Produktioun ass ze huelen. Den Dokumentarfilm traitéiert KI a wéi sech de Konsum vun traditionell Medien entwéckelt. Déi nächst Etapp ass de Voice Over ze finaliséieren a domat eng Projektioun a noer Zukunft ze plangen.
Lire la suite

Responsabel investéieren – Fit for Life
L'entrepreneuriat à l'ECG | 15.10.2026De 14. Oktober 2026 war d’Ala Presenti bei de Schüler vun der 2CN am Kader vum Cours Activités Entrepreneuriales op Besuch. D’Interventioun gouf zesumme mat der JEL an der ALFI am Kader vum Programm Fit for Life organiséiert.
Op eng interaktiv a praxisno Manéier kruten d'Schüler en Abléck an d’Welt vum verantwortungsvolle Investéieren. Si hunn déi wichtegst Begrëffer wéi Aktien, Obligatiounen, ETFen a Fongen kennegeléiert a geléiert, wéi een säi Geld bewosst a mat engem ugepasste Risiko uleeë kann.
E grousse Merci un d’Ala, d’JEL an d’ALFI fir dës spannend an informativ Interventioun!
Lire la suite


