
Diplomiwwerreechung 2025
ES | 07.07.2025En Donneschden, de 3. Juli, huet, ënnert der Präsenz vun der Madamm Stéphanie Obertin, Ministesch fir Digitaliséierung a fir Fuerschung an Héichschoul, d’Diplomiwwerreechung stattfonnt. Am Bäisi vu Famill, Frënn, Enseignantë souwéi der Direktioun konnten sech d’Schüler iwwer hire wuelverdéngte Schoulofschloss an op de Start an hier Zukunft freeën. Nieft enger Ried vum Direkter Joseph Britz, huet ënner anerem och d‘Ministesch Stéphanie Obertin, d’Wuert un de Plenum geriicht. Nodeems all Schüler säin Diplom entgéint geholl hat, goufen nach déi bescht Laureaten ënner hinnen ausgezeechent. E grousse Merci geet un d’Banque Raiffeisen, d’Fondation ABBL pour l‘éducation financière, d’Chambre de Commerce, Concept Factory an d’Chambre des Salariés déi dës Präisser gestallt hunn.
Eis Felicitatioune ginn un all eis Laureaten.
» photos