passer au contenu principal passer au menu principal

Kulturdag

ES | 16.06.2025

De 13. Juni stoung den ECG ganz am Zeechen vun der kultureller Diversitéit. Vun 11:40 bis 14:15 huet sech d’Schoul an eng kulinaresch Landkaart verwandelt.
D’Schülerinnen a Schüler hu mat vill Häerzblutt an Engagement Iessstänn preparéiert, déi hier kulturell Wuerzelen a kulinaresch Traditiounen gewisen hunn. Souzesoen eng Rees duerch verschidde Länner.
Dëse gelongene Kulturdag gouf vum Schülercomité organiséiert, deen net nëmmen de Kader, mee och d’Stëmmung geschaaft huet, an där d'Begeeschterung fir Diversitéit am Mëttelpunkt stoung.
E Beispill dofir, wéi villfälteg an oppen d'Schoul ka sinn. Mir freeën eis schonn op di nächst Editioun.




» photos