passer au contenu principal passer au menu principal

Debate Club

Rejoignez le Debate Club tous les lundis de 12h35 à 13h25 au CDI2, avec Madame R’Biaa et Madame Skenderovic — un espace pour apprendre à débattre, convaincre et écouter.

Madamm Caroline Mart am Debate Club

05.05.2026

D’Caroline Mart ass eng Journalistin déi mat hirer Émissioun « Kloertext » d’lëtzebuerger Mediëlandschaft geprägt huet an sech schon ëmmer fir eng gesond Debattekultur agesaat huet. Et war eis eng grouss Éier d’Journalistin kuerz virun hirer leschter Émissioun bei eis an den Debate Club z’invitéieren, wou si zesumme mat eise Schüler iwwer d’Zukunft vun der Tele an d’Wichtegkeet vun der fräier Press diskutéiert huet, an op hier spannend Zäit beim RTL zréckgekuckt huet.

Mir soen der Madamm Mart e grousse Merci fir de flotten Échange.

Lire la suite



Thema Klimaschutz am Debate club

04.02.2026

Viru bal engem Joerzéngt si vill Jonker reegelméisseg fir e méi staarke Klimaschutz op d'Strooss gaangen. Hautdesdaags schéngt déi Thematik awer manner Schüler a Studenten ze interesséieren, an dat obwuel den Impakt vum Klimawandel och hei am Land ëmmer mei spierbar gëtt. Zesumme mat der eemoleger Deputéiert Jessie Thill hunn eis Schüler am Debate Club sech iwwer des Thematik ausgetosch.

Lire la suite



Debate club - Xavier Bettel

07.01.2026

Mir haten d’Éier, beim leschten Debate Club de lëtzebuerger Ausseminister, den Här Xavier Bettel, als Gaascht begréissen ze däerfen. Hien huet sech Zäit geholl, fir mat eise Schüler iwwer déi aktuell geopolitesch Situatioun ze diskutéieren an hinne wäertvoll Ablécker ze vermëttelen. Mir soen dem Här Bettel e grousse Merci fir säi Besuch an de beräicherenden Austausch.

Lire la suite



Andy Schammo vum Centre for Equal Treatment am Debate Club

28.11.2025

Den Andy Schammo vum Centre for equal treatment (CET) war dës Kéier eisen Invité am ECG Debate Club. Zesumme mat eise Schüler huet hien iwwer d'Thema toxesch Männlechkeet diskutéiert: vu wou kënnt de Begrëff a wéi wierkt en sech op eis Gesellschaft aus? Mir soen dem Andy villmools Merci fir den interessanten Échange!

D'Fotoe goufe gemaach vun zwou Schülerinnen aus der Fotographiesoptioun, dem Clara Tollardo an Océane de Sousa. Och hinnen e grousse Merci!

Lire la suite