passer au contenu principal passer au menu principal

Jugendtreff

Le SSE est heureux d’annoncer l’ouverture du Jugendtreff, un nouvel espace entièrement pensé par et pour les jeunes au sein de l’ECG.

Un lieu pour :

Le Jugendtreff est accompagné par une équipe d’éducateurs gradués présente pour soutenir les jeunes, encourager leurs initiatives et garantir un cadre bienveillant.                                                                                                                                    

Le Jugendtreff se veut un espace de solidarité, de créativité, de respect et de plaisir, où chacun peut se sentir (presque) comme chez soi.

 

Graffiti-Projet

09.06.2026

An de leschte Wochen hunn d'Schüler am Jugendtreff, an Zesummenaarbecht mam Kamellenbuttek, e flotte Graffiti-Projet ëmgesat.
Mat vill Kreativitéit, Engagement a Begeeschterung hu si hir eegen Iddien a Virstellungen entwéckelt an op d'Mauer bruecht. De Graffiti gouf komplett no hire Wënsch a Virschléi gestalt a vun hinnen selwer realiséiert.
Duerch dëse Projet konnten d'Schüler net nëmmen hir artistesch Fäegkeete weisen, mee och léieren, zesummen ze schaffen an eng gemeinsam Visioun ëmzesetzen. D'Resultat ass e faarwegt an ausdrocksstaarkt Konschtwierk, dat hire Jugendtreff representéiert an op dat si mat Recht houfreg kënne sinn.

Lire la suite



1. Dartstournoi am Jugendtreff!

12.03.2026

E Mëttwoch, den 11. Mäerz, war deen 1. Dartstournoi am Jugendtreff:
Schüler, voll Motivatioun, matt vill Laachen – et gouf gekämpft wéi bei enger Mini‑Weltmeeschterschaft, an et ass bis zum allerleschte Worf spannend bliwwen!
Am Endeffekt konnt awer just een gewannen, mee alleguer waren se eis Darts-Champs.

Lire la suite



Ofschloss vum 1. Semester mam Jugendtreff

13.02.2026

16 Schüler vun eiser Schoul waren de leschten Freideg zesumme mam Jugendtreff Bowling spillen. Et gouf vill gelaacht, ugeféiert an natierlech e puer flott Strikes getraff!
E flotte gemeinsame Moment fir d’Semester ofzeschléissen.

Lire la suite



Schlittschong fueren am Kader vum Jugendtreff

05.12.2025

✨ Am Kader vum Jugendtreff, dee geschwënn seng Dieren opmécht, hu mir gëschter zesumme mat Schüler vum ECG an de Lycéeë vum Campus Geesseknäppchen eng flott Aktivitéit op der Kockelscheier organiséiert. ⛸️❄️
Zesummen hu mir ee lëschtegen Nomëtteg op der Schlittschongpiste verbruecht – vill Laachen, vill Energie a Gemeinschaft pur!

Lire la suite