passer au contenu principal passer au menu principal

Graffiti-Projet

Jugendtreff | 09.06.2026

An de leschte Wochen hunn d'Schüler am Jugendtreff, an Zesummenaarbecht mam Kamellenbuttek, e flotte Graffiti-Projet ëmgesat.
Mat vill Kreativitéit, Engagement a Begeeschterung hu si hir eegen Iddien a Virstellungen entwéckelt an op d'Mauer bruecht. De Graffiti gouf komplett no hire Wënsch a Virschléi gestalt a vun hinnen selwer realiséiert.
Duerch dëse Projet konnten d'Schüler net nëmmen hir artistesch Fäegkeete weisen, mee och léieren, zesummen ze schaffen an eng gemeinsam Visioun ëmzesetzen. D'Resultat ass e faarwegt an ausdrocksstaarkt Konschtwierk, dat hire Jugendtreff representéiert an op dat si mat Recht houfreg kënne sinn.




» photos