Präsentatiounstraining
Ob Pitch, Präsentatioun, Exposé oder Examensoral – ob am Kader vum Entreprenariat oder an den eenzele Fächer – an dëser Optioun léiert de Schüler verschidden Techniken, fir sech gutt op eng Präsentatioun oder en Oral virbereeden ze kënnen.
Dozou gehéieren Otem- a Stëmmtechniken, Kierperhaltung, Tipps géint Nervositéit a Kenneléiere vu verschidde Méiglechkeete fir Contenuen ze memoriséieren.