passer au contenu principal passer au menu principal

Introduction

ECG bâtimentAn der Ekonomie, an do wësse mir an eiser Schoul vu wat mir schwätzen, gi gären Bilanze gezunn, besonnesch bei Saachen déi nei sinn. An de lëschten Joer ass vill geschitt an eiser Schoul, am konstruktive Matenee vun Elteren, Schülerinnen a Schüler, Studentinnen a Studenten a motivéierten an engagéierte Kolleginnen an Kollegen Professeren. Dovunner lieft eng Schoul!
Ech zielen hei elo net all Aktivitéit eenzel op, well si sinn alleguerte wichteg, a wéi bei engem Puzzle maachen déi vill verschidde Stécker e schéint Bild aus, wat multikulturell, faarweg, exigent an zukunftsorientéiert ass.
Eis Schoul huet e Logo, dee jonk, dynamesch a schwongvoll ass. Esou ass och eis Schoul mat hirer Maxime: Living the future today! Net um Alen, u Vergaangenem oder un Eppes wat schonn iwwerholl ass, festhalen, mee konsequent no vir kucken, op d’Erfarung aus der Vergaangenheet opbauen an nei Weeër goen, innovativ si fir eis Schülerinnen a Schüler optimal op d’Zukunft virzebereeden, si zou verantwortungsbewosste jonke Leit ausbilden, fir datt si d’Leader an d’Manager vu muer a Wirtschaft a Gesellschaft kënne ginn.
D’Qualitéit vun der Aarbecht an der Schoul hänkt net nëmme vum Direkter a sengen direkte Mataarbechter of, mee vill méi an an éischter Linn vun der Bereetschaft an dem Asaz vun der ganzer Schoulgemeinschaft. Am ECG spiert een e Schoulklima dat, op alle Säiten, d’Leit motivéiert eng Hand mat unzepake fir der Schoul an hirer Eenzegaartegkeet ëmmer erëm eng nei Dynamik ze ginn.
D’Schoul verschléisst sech net den Erausfuerderungen a mécht sech konsequent op de Wee d’Partenariat mat den Entreprisen ze stäerken a Partnerschoulen am Ausland ze fannen.
Niewent den Sekondärsklassen vun 4e bis 1re an den Owescoursen war den ECG déi éischt Schoul hei zou Lëtzebuerg déi vun 1990 un BTS-Formatioune ubitt. 3 BTS-Formatiounen kucken op déi laang Entwécklungsgeschicht zréck an zwou néi Formatiounen sinn dobei komm. Des Weideren bitt den ECG och als éischt Schoul zanter 2017 eng Bachelorformatioun am Beräich vun der Comptabilitéit an der Fiskalitéit an Zesummenaarbecht mat der Universitéit vun Lëtzebuerg un.
Wann een en Zil erreecht huet, gëllt et net sech auszerouen, mee dat soll eis uspornen, eis neien Erausfuerderungen ze stellen. Et brauch Zouversiicht, Courage, Visiounen – zesumme si mir staark a mir brauche keng Angscht ze hu fir der Zukunft vun eiser Schoul an d’Aen zu kucken.

Joseph Britz
Direkter honoraire

Journée pédagogique : comment gérer son stress au travail

22.01.2026

Le 14 janvier 2026, le corps enseignant de l’ECG s’est réuni à l’occasion d’une journée pédagogique placée sous le thème de la gestion du stress, un enjeu central dans le quotidien des professionnels de l’enseignement.

La formation a été animée par Mme Véronique Santi, intervenante envoyée par la Chambre des Salariés du Luxembourg, qui a proposé une approche à la fois théorique et pratique, accessible et directement transposable dans la réalité professionnelle des enseignants.

Cette journée pédagogique a offert un temps de réflexion, d’échange et de recentrage, permettant au corps enseignant de repartir avec des outils concrets et une meilleure compréhension de ses propres ressources face au stress.

Lire la suite



Nouveau directeur de l’ECG

01.01.2026

À partir du 1er janvier 2026, Monsieur Marco Kremer est le nouveau directeur de l’École de Commerce et de Gestion. Nous lui souhaitons beaucoup de force, de joie et de succès pour cette nouvelle étape. Nous sommes convaincus qu’avec son équipe, il saura guider l’école avec succès vers l’avenir.

En même temps, nous adressons un grand merci à Monsieur Joseph Britz pour son engagement exceptionnel durant ces dix dernières années en tant que directeur. Sa vision et son dévouement ont fait de l’ECG ce qu’elle est aujourd’hui : une école dont nous pouvons tous être fiers.

Lire la suite



Cérémonie d’adieu de Monsieur Britz

19.12.2025

Den 18. Dezember huet den Här Britz bei enger Cérémonie d’adieu sengen Enseignanten Äddi gesot a präsenz vun Éieregäscht. Den Här Britz huet säi Wee am ECG rekapituléiert an huet seng wichtegst Iddien nach eng kéier ënnerstrach. Niewent dem Här Britz hunn och den Educatiounsminister Claude Meisch, Representantë vum Kommitee vun der Conférence du lycéee, d’Präsidentin vum Elterekommitee esou wéi Schüler a Studenten eng Ried un den Här Britz geriicht. Ofgeronnt gouf d’Cérémonie mat engem Optrëtt vun der Museksoptioun.

Mir kucken zeréck op eng schéin an erfollegräich Zäit déi mir mam Här Britz haten a mir wënschen him alles Guddes fir seng Zukunft.

Lire la suite



Leschte Schouldag fir den Direkter Joseph Britz

19.12.2025

De leschte Schouldag virun der Vakanz war och de leschte Schouldag fir eisen héich geschätzten Direkter den Här Joseph Britz. All d’Schüler an d’Studenten hunn sech Haut de Moien um 10 Auer am Festsall versammelt fir Äddi ze soen. No enger Ried vum Här Britz huet de Präsident vum Schülerkommitee den Här Alessio Tummillo seng Ried virgedroen. Den Här Britz krut am Numm vun de Schüler a Studente flott Kaddoen iwwerreecht an e Videomessage gouf projezéiert. Zum Schluss huet d’Musékoptioun d’Lidd “Don’t stop me now” vu Queen gespillt.

Lire la suite



Podiumen fir den ECG

09.12.2025

Dës Woch goufen am ECG nei Sëtzgeleeënheeten installéiert!
Dir fannt se beim Festsall an am CDI. Dës Podiume bidden eiser Schoulcommunautéit informell Plazen, wou een sech ka begéinen, austauschen an zesummekommen.
Mir freeën eis, dass dës Plazen d’Schoulëmfeld nach méi lieweg an agreabel maachen!

Lire la suite



Journée pédagogique sur le thème : “Comment bien prompter avec l’IA”

07.10.2025

Ce 6 octobre, le personnel enseignant a eu l’opportunité de participer à une journée pédagogique consacrée à l’art du prompting — cette nouvelle compétence clé pour interagir efficacement avec les intelligences artificielles génératives comme ChatGPT.

Animée par Madame Emma Baïz, la formation a permis aux participants de :
- Comprendre les principes fondamentaux du prompt engineering
- Apprendre à structurer et affiner leurs prompts pour obtenir des réponses pertinentes
- Expérimenter des techniques collaboratives pour améliorer la qualité des échanges avec l’IA
- Explorer des cas d’usage concrets : rédaction assistée, brainstorming, prise de décision…

Une journée riche en échanges, en découvertes et en expérimentations pratiques — où l’intelligence humaine a rencontré l’intelligence artificielle pour mieux apprendre à co-créer.

Un grand merci à la Chambre des salariés Luxembourg pour l’organisation de cette belle initiative et pour son engagement à accompagner les enseignants dans l’ère de l’IA.

Lire la suite



Journée Portes ouvertes

19.05.2025

De 17. Mee war d'Porte ouverte vum ECG. Vill Leit hunn sech iwwert eis Schouloffer an eis Schoul am speziellen informéiert. Ee vun den Highlighte waren d’Präsentatioune vun den zwou neie Sektiounen am Enseignement secondaire général : Affaires économiques an Data Literacy. Op der Porte ouverte goufen och eis fënnef BTS Formatioune virgestallt.

Lire la suite



L’ECG, la vraie école entrepreneuriale

10.05.2025

Article publié le 10 mai 2025 au Luxemburger Wort.

Lire la suite



Nouvelle section Data Literacy à l'ECG dès la rentrée 2025 !

30.04.2025

L'École de Commerce et de Gestion est fière d’annoncer le lancement d'une section Data Literacy à la rentrée scolaire 2025. Cette section, de l’enseignement secondaire général, offrira aux élèves l’opportunité d’acquérir des compétences solides dans la maîtrise des données – de la collecte à l’analyse en passant par l’interprétation – et d’utiliser des outils de pointe pour travailler avec des données complexes dans divers environnements. En plus de la technique, l’accent sera mis sur la réflexion critique et les questions éthiques liées à l’usage des données.

Lire la suite



ECG Merch 55 ans

31.03.2025

2025 feiert den ECG sain 55. Gebuertsdag!
Eng flott Geleeënheet fir de Logo vun der Schoul fir e Joer unzepassen an op en Hoodie respektiv en T-Shirt ze setzen.
Vum 1. bis de 4. Abrëll kennt dir an de Pausen (9:45 bis 10:00 an 12:00 bis 12:30) är Gréisst am Préau umoosse kommen an en Hoodie oder e T-Shirt bestellen.

Lire la suite