passer au contenu principal passer au menu principal

Leschte Schouldag fir den Direkter Joseph Britz

Introduction | 19.12.2025

De leschte Schouldag virun der Vakanz war och de leschte Schouldag fir eisen héich geschätzten Direkter den Här Joseph Britz. All d’Schüler an d’Studenten hunn sech Haut de Moien um 10 Auer am Festsall versammelt fir Äddi ze soen. No enger Ried vum Här Britz huet de Präsident vum Schülerkommitee den Här Alessio Tummillo seng Ried virgedroen. Den Här Britz krut am Numm vun de Schüler a Studente flott Kaddoen iwwerreecht an e Videomessage gouf projezéiert. Zum Schluss huet d’Musékoptioun d’Lidd “Don’t stop me now” vu Queen gespillt.




» photos