passer au contenu principal passer au menu principal

Journée Portes ouvertes

Introduction | 19.05.2025

De 17. Mee war d'Porte ouverte vum ECG. Vill Leit hunn sech iwwert eis Schouloffer an eis Schoul am speziellen informéiert. Ee vun den Highlighte waren d’Präsentatioune vun den zwou neie Sektiounen am Enseignement secondaire général : Affaires économiques an Data Literacy. Op der Porte ouverte goufen och eis fënnef BTS Formatioune virgestallt.

Déi ganz Schoulcommunautéit war präsent fir den ECG ze präsentéieren an op d'Froe vun de Leit ze äntweren. E grousse Merci geet dofir un d’Schüler, un d’Studenten, un d’Elteren an un d’Personal vun eiser Schoul!

Hutt dir eis Porte ouverte verpasst a sidd un eiser Schoul interesséiert dann informéiert iech op eisem Internet Site www.ecg.lu/portesouvertes.




» photos