Actualités

Beachvolleyball 2 vs 2
Sport | 11.06.2025Le jeudi 5 juin, deux élèves de l’ECG ont eu le courage d’affronter la pluie pour participer au Tournoi LASEL de Beachvolleyball.
Lilou Vallado (2CN) et Robyn Stocklausen (3CN) ont montré de belles phases de jeu durant tout le tournoi.
Lire la suite

SPEED-TYPING 2025
ES | 11.06.2025D’Diplom- a Präisiwwerreechung gouf dëst Joer am Lycée Technique d’Ettelbruck an enger flotter a convivialler Ambiance gefeiert. Et war déi 11. Kéier, dass dësen nationale Speed-Typing Concours vun der AETCO (Association des enseignants en techniques de communication et d'organisation) organiséiert gouf.
Den ECG ass vun Ufank un derbäi, an huet och dëst Joer nees mat enger ganzer Rei vu Kandidaten Deel geholl. Nei war, dass just déi Schüler*innen a Student*inne belount goufen, déi déi 3 Vitessen an deenen 3 Sproochen (Franséisch, Däitsch an Englesch) gepackt hunn.
Stolz si mir op follgend Schüler*innen a Student*inne:
Kategorie 17 – 20 Joer
• André Araújo Leite
• Melissa Peixoto Costa
• Scarlett Raach
• Charlie Dahm
• Leandro Lavinas Gonçalves
• Alessandro Luchetti
Kategorie > 17 – 20 Joer
• Ariana Da Silva Marques
• Igor Marques De Jesus
• Flávio Lino Lucas
• Meryem Boukharouba
• Nicole Monteiro Cabral dos Reis
• Ivana-Alessandra Krombach
• Chiara Calamo
Merci a Felicitatiounen u jiddereen, deen dëst Joer beim Concours matgemaach huet.
Lire la suite

Finalen Hike
Mérite Jeunesse | 11.06.2025Den Weekend vum 6.6.25 - 8.6.25 hu 15 Schüler aus dem ECG hiren finalen Hike am Kader vum Mérite Jeunesse absolvéiert. Dëst Joer gouf den Hike am Éislek ofgehalen. D'Schüler hunn mat Rucksak, Gaskocher an Zelt all Dag em déi 20 Kilometer zu Fouss zeréckgeluecht. Obwuel et en haarden Challenge war, ass d'gudd Laun an den Teamgeescht ëmmer present gewiescht. Mir gratuléieren all den Participanten dass si hiren finalen Hike erfollegräich absolvéiert hunn.
Lire la suite

Sprangprëssioun
UNESCO | 10.06.2025Den 10. Juni huet den ECG mat enger Réi Schüler am Kader vun der UNESCO un der Sprangprozessioun deel geholl. Bei schéinem Wieder sinn d'Schüler duerch Staat Iechternach gesprongen an hunn esou eppes iwwert eise Patrimoine culturel geléiert.
Lire la suite

Lëtzebuerg vertrueden um European Money Quiz zu Bréissel!
ES | 05.06.2025Zwou engagéiert Schülerinnen aus der 4GCM haten d’Geleeënheet, Lëtzebuerg beim European Money Quiz - Financial Literacy Competition, organiséiert vun der European Banking Federation (EBF), ze vertrieden.
Zesumme mat Jonker aus 30 europäesche Länner hunn si hiert Wëssen ënner Beweis gestallt – mat engem super Resultat: 17 vun 20 Froen richteg beäntwert! Eng top Leeschtung op internationalem Niveau!
Nieft dem Quiz haten si och d’Méiglechkeet, d’Europäescht Parlament, de Wikifin Lab an Euronext ze besichen an un enger guidéierter Tuer duerch Bréissel deelzehuelen.
Eng onvergiesslech Erfarung, déi hinnen nach laang an Erënnerung bleiwe wäert. Mir gratuléieren hinnen nach eng Kéier ganz häerzlech – si kënnen houfreg op sech sinn!✨
Lire la suite

Schoulausflug vun der 2GMM2 op Frankfurt
ES | 05.06.2025Dës Woch hat d'Klass 2GMM2 d'Geleeënheet, en edukative Schoulausflug op Frankfurt ze maachen. Nieft villfältegen Aktivitéiten an der Grupp, stoung och e Besuch am Geldmusée vun der Deutschen Bundesbank um Programm. Do kruten d'Schüler spannend Ablécker an Themen wéi Inflatioun a Geldfälschung. Ausserdeem hu si och d’Kommunikatiounsmusée besicht, wou si vill iwwert d’Auswierkungen an d’Asazméiglechkeete vun kënschtlecher Intelligenz an ënnerschiddleche Beräicher geléiert hunn.
Lire la suite

Un élève représente l'ECG à la traditionnelle course "Rondërem de Séi"
Sport | 05.06.2025Hilal Nejmi de la 4GCM3 a eu le courage d'affronter 333 autres concurrents à la traditionnelle course "Rondërem de Séi", organisée chaque année par la LASEL.
Il s'agit d'une course d'un peu plus de 7 km autour du lac d'Echternach.
Avec un temps de 26 min 09, il se classe en 24 ème position au général et 6 ème de sa catégorie.
Bravo Hilal, tu peux être fier de toi!
Lire la suite

Atelier Kaleidatascope
ES | 03.06.2025Vendredi le 16 mai, la classe 3GCM3 a été la première à découvrir le nouvel atelier baptisé "Kaleidatascope" du ScienteensLab.
Dédiée à la science des données, il est conçu pour développer l'esprit critique des élèves et les faire réfléchir à certaines questions éthiques liées à l'utilisation des données.
Au cours de l'atelier, les élèves ont découvert comment interpréter données et statistiques. À l'aide d'exemples réels, ils ont appris que les graphes peuvent être trompeurs et qu'il est risqué de partager des données sans contrôle.
Lire la suite

Visite de la BAJ24 au tribunal d’arrondissement du Luxembourg
BTS | 23.05.2025Dans le cadre de leur formation, les étudiantes de la classe BAJ24 ont eu l’honneur de visiter le tribunal d’arrondissement du Luxembourg. Cette visite leur a permis de découvrir l’organisation et l’architecture de l’institution judiciaire, tout en approfondissant leurs connaissances du fonctionnement concret de la justice. Elles ont notamment eu l’occasion d’assister à une audience particulièrement instructive, offrant un aperçu réel et vivant des pratiques juridiques. Cette expérience, à la fois enrichissante et motivante, a été grandement appréciée par l’ensemble des participantes.
Lire la suite

Finall vun de Mini-entreprisen
L'entrepreneuriat à l'ECG | 23.05.2025Den 22. Mee huet am Kinepolis déi grouss Finall vun de Mini-Entreprisen stattfonnt. Elegantly Safe, d’Mini-Entreprise aus dem ECG, huet et net nëmmen ënnert déi 16 Bescht vun 117 Entreprise gepackt. Elegantly Safe ass am Gesamt-Klassement op déi exzellent zweet Plaz komm. Nieft dësem Präis, ass d’Equipe och mam „Innovation and Value Creation Award“ ausgezeechent ginn. An d’Luisa Jazaar, Member vun der Equipe, krut de „Leadership Award“ fir hir super Aarbecht.
Lire la suite


