
Kuerzfilm iwwert d’Kënschtlech Intelligenz
ES | 11.12.2025Haut goufen d’Schüler vun der Data Literacy Sektioun an den Centre National de l’Audiovisuel op Diddeleng agelueden.
D’Schüler aus der 2GDL sollen zesumme mam CNA un engem Kuerzfilm iwwert kënschtlech Intelligenz schaffen.
Als éischt hunn si de Film “The Thinking Game” gekuckt an dono zesumme un Iddie fir hire Kuerzfilm geschafft.
Mir si gespaant op déi nächst Schrëtt a soen dem CNA Merci fir dëse flotte Projet.
» photos



