passer au contenu principal passer au menu principal

Mot du directeur

Joseph Britz

Häerzlech wëllkomm op eisem Site. Eis Schoul huet méi wéi 50 Joer Erfarung am ekonomeschen Beräich a mir si frou a stolz déi Erfarungen kennen un eis jonk Generatiounen weiderzeginn. Am Häerz vun all grousser Schoul steet aussergewéinlecht Personal mat villen verschiddenen Kompetenzen. Den ECG-School of Business and Management ass esou eng Schoul mam Label vun enger sustainable entrepreneurial school an huet domadder natierlech d’Ambitioun d’Schüler a Studenten an der Entwécklung vun hirem Bildungsprojet ze ënnerstëtzen an ze encouragéieren. Den Accent vun all Aktivitéit déi bei eis stattfënnt soll däitlech no den sustainable development goals (SDGs) vun der UN ausgeriicht sinn. 6 vun deenen 17 Ziler hu mir als Schoul eraus gesicht a probéieren duerch aktiivt Handelen Zeechen ze setzen. Esou hu mir e neien Projet lancéiert a planzen an den kommenden Joren jeeweils 200 Beem. All eis nei Schüler sinn an dem Projet direkt implizéiert, mee och all eis aner Schüler, eis Enseignanten, Partenairen an extern Intervenanten kënnen sech um Projet bedeelegen. Queesch duerch eis Schouloffer fënnt een den esprit entrepreneurial, deen eis Schüler a Studenten sollen kënnen entwéckelen.

Mat engagéierten Partner entwéckelen mir net nëmmen spannend an interessant entrepreneurial Aktivitéiten mee och spezialiséiert Programmer. Sou hu mir am Enseignement secondaire général d’Sektioun an den Finanzen oder déi am Marketing, Media a Kommunikatioun entwéckelt. Am Enseignement secondaire classique organiséiere mir d'Sektioun N Entrepreneuriat, Finance et Marketing.

Doriwwer eraus hu mir och um Niveau vum Enseignement supérieur 5 BTS-Formatiounen, Assistant de direction, Assistant juridique, Gestionnaire comptable et fiscal, Gestionnaire en commerce international et marketing a Finance et Produits financiers.

All eis Formatiounen déi mir am Enseignement secondaire ubidden fannen deemno eng Suite am Enseignement supérieur a maachen, well se op d’Welt vu muer ausgeriicht sinn, eis Schüler/Studenten fit sech voller Energie den Erausfuerderungen vum Liewen ze stellen.

Eis Wirtschaft brauch Fachwëssen mee och Mënschlechkeet, Wäerter an Idealer, an déi ginn an eiser Schoul gefleegt. Demokratesch Wäerter sinn net just eidel Wierder um Wee vum Jonken zu engem responsabelen an aktive Bierger. De jonke Mënsch gëtt ugespornt Initiativen ze huelen, seng Stäerkten ze erkennen an anzesetzen, awer och seng Schwächten opzeschaffen.

Wann Dir elo Loscht kritt hutt eis Schoul kennen ze léieren, da fäert net eis ze kontaktéieren an op eis Portes ouvertes ze kommen – mir freeën eis op Iech.

Joseph Britz

Direkter vum ECG