Mot du directeur
Häerzlech wëllkomm op der Websäit vun der École de Commerce et de Gestion – School of Business and Management (ECG)! An dësem besonnesche Joer feiere mir mat Stolz de 55. Jubiläum vun eiser Schoul, an et ass mir eng Freed, Iech e Bléck an eis spannend Entwécklung besonnesch vun de leschten zéng Joer ze ginn.
Den ECG huet sech an dëser Zäit zu enger eenzegaarteger Institutioun am Beräich Wirtschaft, Finanzen a Marketing zu Lëtzebuerg entwéckelt. Ob am klassesche Sekundärberäich, am Enseignement général oder an den BTS-Formatiounen – mir hunn et fäerdeg bruecht, eise Schüler a Studenten eng grëndlech a zukunftsorientéiert Ausbildung ze bidden. D'Maxime, déi ech der Schoul 2016 ginn hunn – „Living the future today“ – ass fir eis net nëmmen e Leitmotiv, mee gëtt deeglech an eis Léierpläng integréiert.
Mir entwéckele kontinuéierlech nei Sektiounen, net zu lescht am Beräich vun den Affaires économiques an der Data Literacy. Mir léeën eng grouss Wichtegkeet op d'Fërderung vun den ënnernehmeresche Fäegkeeten, déi an all de Programmer, bis hin zu der BTS-Ausbildung, verankert sinn. Dës Approche garantéiert, datt eis Schüler a Studenten am Beschten op d'Erausfuerderunge vun der Zukunft virbereet sinn.
D'Eenzegaartegkeet vum ECG huet sech fest etabléiert a gëtt vu ville Partner aus der Wirtschaft, dem Banken- a Versécherungssecteur an der Industrie tatkräfteg ënnerstëtzt. Dës wäertvoll Zesummenaarbecht mécht et eis méiglech, eise Schüler a Studenten eng erausragend Plattform ze bidden, op där si hiert vollt Potenzial entfalen an d'Dieren zu enger erfollegräicher Zukunft opmaache kënnen.
Déi dauernd Entwécklung vun eiser Schoul spigelt sech net nëmmen an der Entwécklung vun de Programmer am Sekundarunterricht erëm – egal ob et de Programm vun den Affaires économiques, der Data Literacy, de Finanzen oder dem Marketing am Enseignement général oder der Sektioun N am klassesche Sekundarunterricht ass – mee och an de jengsten Erweiderunge vun eisen BTS-Formatiounen, déi an de leschte fënnef Joer ëm zwou nei Offere beräichert goufen (Assistant juridique a Finance et Produits financier), wärend nach dräi zousätzlech Programmer an der Planung sinn. Den ECG ass keng statesch Institutioun, mee si ass dynamesch an hëlt aktiv nei Erausfuerderungen un, fir eise Schüler a Studenten déi beschtméiglech Ausbildung ze bidden.
Mäin häerzleche Merci gëllt all de Professeren, déi an de leschte Jore mat vill Engagement un der Weiderentwécklung vun eiser Schoul matgewierkt hunn. E besonnesche Merci geet och un déi vill Partner, déi eis an eise Programmer ënnerstëtzen an eis mat wäertvollem Rot zur Säit stinn. An, last but not least, gehéiert mäi Merci eise Schüler a Studenten – si sinn déi richteg Botschafter vun eiser Schoul, an hir Erfolleger beleeën d'Qualitéit vun eisem Unterrecht an d'Aktualitéit vun eise Programmer.
Ech lueden Iech an, eis Schoul méi genee kennenzeléieren, an Iech vun der Villfältegkeet an der zukunftsorientéierter Visioun vum ECG begeeschteren ze loossen. Eis Websäit bitt Iech eng wonnerbar Geleeënheet, en éischten Androck ze kréien an déi vill Facettë vun eisen Educatiounsangeboten ze entdecken.
Villmols Merci fir Äert Interesse an Äert Vertrauen an d'École de Commerce et de Gestion – School of Business and Management !
Joseph Britz
Direkter