Makerspace

Am Makerspace wëlle mer zesummen eppes "maachen". Dëst Joer ass eis Wiel op eng "Open-Source" Microcontroller-Plattform Arduino gefall. Mat dësem Board kënne mer op der INPUT-Säit déi verschiddenst Sensoren fir Temperatur, Loftdrock, Hellegkeet, a.s.w. uschléissen, an ofhängeg dovun, oder einfach duerch en Drock op e Knäppchen, op der OUTPUT-Säit déi respektiv Apparater, wéi Motoren, Luuchten, Hautparleuren, a.s.w. steieren.
Fir dat den Arduino och dat mécht, wat mer wëllen, gëtt fir unzefänken um Computer e Programm an der "Arduino Programming Language" geschriwwen, déi ganz ähnlech dem C/C++ ass. Dëse Programm gëtt dann op den Arduino iwwerdroen, an am ideale Fall, reagéiert den Arduino op all INPUT mat genau deem OUTPUT, dee mir eis virgestallt hunn.
Mam Arduino hu mir eng Méiglechkeet, fir en Abléck an eng Welt vun der Programmatioun ze kréien, an der Kreativitéit si bal keng Grenze gesat.
Wann dat hei ären Intérêt erwächt huet, zéckt net fir bei eis bis eran ze kommen; eis Dier steet ëmmer op fir Iech.
» Weider Informatiounen zu Arduino fannt Dir an dësem Artikel op heise.de

Arduino.jpg
first previous next last