skip to main content skip to main menu

Séance de sensibilisation - violence domestique

ES | 12.06.2025

Den 11.06.25 hunn 3e Schüler aus dem ECG un engem Sensibiliséierungsmoien deelgeholl, zum Thema haislech Gewalt. An dësem Zesummenhang gouf den Film “hors d’haleine” vum Regisseur Eric Lamhène gewisen, an deem et em d’Emma geet, wat an der Nuecht an ee Fraenhaus kennt. De Moien gouf clôturéiert mat enger Table ronde mat 2 Memberen vun der Maison Sichem, Sophie Hubert a Nadine Nunes, dem Regisseur Eric Lamhène, der Actrice Esperanza Martin, dem Annette Michels vun la voix des survivant(e)s asbl. an dem Isabelle Schroeder vum Ministère MEGA. Un si ee grousse Merci fir hier Participatioun an hier interessant Témoignagen.




» photos